Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Ravarani: Justiz funktionéiert nëmme wa sech un hir Urteeler gehale gëtt

Europäescht Geriicht fir Mënscherechter

Georges Ravarani: Justiz funktionéiert nëmme wa sech un hir Urteeler gehale gëtt

Nach bis den 30. Abrëll ass de Georges Ravarani Riichter op der europäescher Cour des Droits de l’Homme. Den 1. Mee iwwerhëlt de Stéphane Pisani als neie Lëtzebuerger Riichter zu Stroossbuerg. D'Geriicht këmmert sech drëms, datt kengem seng Mënscherechter vu Säite vu Memberstaate verletzt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

© Morgane Weidig play_arrow

Den 31. Dezember 2023 waren 68.000 Requêtë beim europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg unhänglech. En Drëttel, also d'Majoritéit dovu koumen aus der Tierkei, déi zweetmeescht, 18 Prozent aus Russland. Obscho Russland zanter bal zwee Joer guer net méi Member vum Europarot ass. D’Land gouf de 15. Mäerz 2022, an der Suite vum Iwwerfall op d’Ukrain, ausgeschloss.

D’Affäre géint Russland ginn awer nach traitéiert, d’Urteeler vun der Cour do awer natierlech net méi applizéiert. Geriichter, oder d’Justiz am Allgemengen, kënnen nëmme funktionéieren, wa se als Autoritéit unerkannt a respektéiert ginn, betount de Georges Ravarani.

"An dat ass net anescht um internationale wéi um nationale Plang. Wa bis e Staat seng Geriichter an d'Urteeler net méi respektéiert, da si mer, wat mer nennen, an enger Verfassungskris. An e Geriicht huet keng Arméi, dat et ka schécken. Da kann e Geriicht natierlech zoumaachen. Also dat ass ganz kloer. D’Autoritéit vun engem Geriicht, déi geet esou wäit, wéi sech u seng Urteeler gehale gëtt. Nëmmen deen, dee schliisslech d'Force huet an deen, deen d'Police hannert sech huet, dat ass deen, deen d'lescht Wuert huet. E Geriicht huet dat net."

Lacatus géint d'Schwäiz: Een nuancéiert Urteel

De Georges Ravarani war och Riichter an der Affär Lacatus géint Schwäiz. Do huet eng Roma-Fra beim Geriicht zu Stroossbuerg géint d'Schwäiz geklot, well se zu Genf eng Geldstrof wéinst einfacher Heescherei krut. D'Fra krut an deem Urteel recht. D'Argumentatioun vun de Riichter zu Stroossbuerg wier dem Georges Ravarani awer net wäit genuch gaangen.

"Also dat Urteel, wann een dat ganz genau kuckt, do steet, déi Fra huet missen heeschen, well se sech soss net hätt kënnen ernieren. Dat heescht, dat Urteel ass net esou breet gefächert, wéi een elo dat hei kéint soen. Deen, dee ganz wäit gaang ass, sinn ech just ganz eleng."

Fir hien ass Heescherei, sou laang se net aggressiv oder organiséiert ass, ee Mënscherecht, an hat dat och sou a senger Konklusioun am Urteel geschriwwen. Mat der offizieller Argumentatioun, géif deen Arrêt Lacatus sech net op all eenzele Fall vun einfacher Mendicitéit applizéiere loossen.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview