De Verwaltungsrot vum Mudam hätt eng extern Firma fir een Audit beoptraagt. Do wier eng Bestandsopnam gemaach ginn, iwwer déi aktuell intern Organisatioun an d'Opdeelung vun der Verantwortung. De Rapport vum Audit wier dem Verwaltungsrot elo presentéiert ginn, seet den Eric Thill. Hie wier "gudder Déng", datt aus dem Audit déi richteg Schlëss gezu ginn.
Den Eric Thill fënnt awer och, datt een d'Reprochen an der Press géintiwwer dem Musée relativiséiere misst. Notamment de Fait, datt een Drëttel vum Personal an de leschten dräi Joer de Mudam verlooss hunn. Dovu wiere fënnef Leit aus perséinleche Grënn gaangen. Da wieren och Leit an d'Pensioun gaangen oder hätten aner Karriärschance kritt, mengt den Eric Thill.
Den Eric Thill wëllt e Sonndeg um DP-Kongress iwwerdeems als Generalsekretär vun der Partei gewielt ginn. De Lex Delles hat jo schonn annoncéiert, net méi fir d'Wal als Parteipresident unzetrieden. Et kënnt also eng ganz nei Ekipp. D'Carole Hartmann wäert sech fir d'Wal als Parteipresidentin opstellen.