Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Epreuves standardisées bestätegen, wat sech bei PISA weist

Schoulmonitoring

Epreuves standardisées bestätegen, wat sech bei PISA weist

Virun aacht Deeg sinn d’Resultater vun der neier PISA-Étude virgestallt ginn, bei där Lëtzebuerg jo nët matgemaach huet déi Kéier. Mam nationalen Outil vun den épreuves standardisées gëtt d’Entwécklung vun de schoulesche Leeschtungen awer och hei am Land genee observéiert.

auto_stories

3 min

headphones

16 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Wéinst dem internationale Verglach wier et wichteg bei der OECD-Etude rëm matzemaachen, sou den Antoine Fischbach, deen de Schoulmonitoring op der uni.lu mat entwéckelt huet. D'Epreuves standardisées ginn all Hierscht an allen éischten, drëtten, fënneften, siwenten an néngte Schouljoren uechter Land gemaach. 

Mat deene kéint souguer méi genee d'schoulesch Leeschtungen observéiert ginn wei d'OECD dat mat PISA mécht, seet den Antoine Fischbach:

Mir hunn hei dann Virdeel vun engem klenge Land. Normalerweis géif ee fir de Monitoring op en Echantillon goen. Vu datt mir awer e ganz klengt a ganz diverst Land sinn, ass et méi einfach Vollerhiewungen ze maachen, sou datt dann eis Bildungspanelen - well déi Donnéeën, do kann een dann och längsschnëttlech verlinken – quasi komplett Gebuertscohorte sinn. Dat heescht mir kënnen net just zu engem Moment da feststellen, wou läit dann eventuell d'Kromm an der Heck, mee mir kënnen och verstoen - doduerch, dass mer dat kënnen tracéieren -, wéi kënns de dohinner? Sou kann een dann eventuell och remédiéieren. Et ass jo kee Selbstzweck dat Ganzt.

Déi rezentst Donnéeë vu Lëtzebuerg, déi ausgewäert sinn, bezéie sech op den Hierscht 2022. Si géife confirméieren, wat sech och bei PISA weist: datt Kanner mat Migratiounshannergrond aus sozio-ekonomesch benodeelegte Stéit déi schlechtst Kaarten hunn. Dat wier wärend Corona nach méi wouer gewiescht wéi soss, sou den Antoine Fischbach.

"Datt déi, déi ënner d'Rieder kommen, eigentlech déi sinn, déi, ëmmer ënner d'Rieder kommen, dat heescht déi, déi einfach vun Ufank un, statistesch gesinn, déi méi schlecht Kaarten hunn, also, spréch, Kanner mat Migratiounshannergrond, aus sozio-ekonomesch benodeelegte Stéit."

Ass dat déi eenzeg Erklärung fir den Negativ-Trend, oder spillt och d'Digitaliséierung eng Roll? Den Antoine Fischbach betount, datt ee keen anere Choix hätt, wéi déi Jonk op eng digital Welt ze preparéieren. Et wier d'Roll vun der Schoul, Bierger auszebilden, déi kritesch mat digitale Medien ëmgoe kann.

"Ganz vill Meenunge sinn am Raum, t'ass ganz vill Dogma am Raum a virun e puer Méint ass an Nature Human Behavior eng éischten integrative Review eigentlech erauskommen. Dat ass jo mat dat héchste, wat et international u wëssenschaftleche Journals gëtt, an déi eigentlech ganz kloer do dann zur Konklusioun kommen, datt de Bildschierm per se, kee Problem ass."

Et géif éischter drop ukommen, wéi de Medium agesat gëtt. Den Antoine Fischbach fënnt, datt et d'Roll vun den Elteren a vun der Schoul ass, de Jonken en adequaten Ëmgank nozebréngen.

 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview