Den Interview mam Tom Delles:
Den Tom Delles ass der Meenung, datt et d‘Aufgab vum Fonctionnaire wier, fir demokratesch Wäerter anzestoen a genee dat hätt hien als Privatpersoun an dësem Fall och gemaach. Hien insistéiert drop, datt een als Schouldirekter och ee Bildungsoptrag fir d'Jugend hätt.
"An dozou gehéiert net nëmmen, datt se e Fachwësse kréien, mee et gehéiert eng Virbereedung op eis Gesellschaft an op d'Problemer vun der Gesellschaft dozou."
Fred Keup: E Lycéesdirekter muss politesch neutral sinn
Den ADR fillt sech no den Aussoe vum Direkter vun der Akerbauschoul Tom Delles de Moien am 100,7 Interview a senger Kritik confirméiert. Wéi deem seng perséinlech politesch Meenung géif ausgesinn, wier eng Saach, a senger Funktioun als Schouldirekter vun der Akerbauschoul a Fonctionnaire wieren esou Aussoen awer inacceptabel, mengt den ADR Deputéierten Fred Keup
"Et war jo an dem Sënn ganz interessant well op ärer Antenn huet den Tom Delles jo zouginn, datt hie sech absichtlech a wëssentlech net un d‘Neutralitéitsgebot gehalen huet an e gewielten Deputéierten ëffentlech ugegraff huet, wärend senger Funktioun als Staatsbeamten, also als Schouldirekter."
Wat nach méi schlëmm wier, wier datt den Tom Delles et als säi Bildungsoptrag géif gesinn, fir seng politesch Vuen an der Akerbauschoul un d‘Schüler virun ze ginn, sou de Fred Keup.
Aussoe waren net mam Educatiounsministère ofgeschwat
Och den Edukatiounsminister huet an Tëschenzäit réagéiert, d'Aussoe vum Tom Delles wieren net mam Ministère ofgeschwat, an de Ministère wier och net iwwert den Optrëtt vum Här Delles beim 100komma7 informéiert ginn. Den Tom Delles hätt e puer Mol ënnerstrach, datt hien hei als Privatpersoun agéiert huet. E Fonctionnaire hätt esou wuel am Exercice vu senger Funktioun wéi och doriwwer eraus Obligatiounen, sou nach de Ministère. Déi zoustänneg Servicer wiere mat dëser Fro saiséiert ginn, heescht et weider.