Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNDS-Direkter bedauert, datt der Caritas hire politesche "Plaidoyer" ewech fällt

Gesellschaft

CNDS-Direkter bedauert, datt der Caritas hire politesche "Plaidoyer" ewech fällt

Et wier bedauerlech, datt bei der Caritas de sougenannte „Plaidoyer“, also déi politesch Aarbecht, ewechfält, seet de Raoul Schaaf, Direkter vum „Comité National de Défense Sociale“ (CNDS).

auto_stories

2 min

D‘Plaidoyersaarbecht vun der Caritas soll jo net an där neier Struktur HUT iwwerholl ginn. Et wier ëmmer extreem bedauerlech, wann eng kritesch Stëmm ewech fält, seet de Raoul Schaaf.

"Eng vun de Publikatioune war jo de Sozialalmanach, dee vum Plaidoyer politique ofgeléist ginn ass. Fir mech war de Sozialalmanach ëmmer ee Referenzwierk, well et ass ëmmer do de Fanger drop geluecht ginn, wou et wichteg war. Also ech mengen, datt et ganz wichteg ass, datt een dat dote ganz kritesch weider kuckt."

Hien huet preziséiert: De Plaidoyer géif zanter eng Zäit awer och vun der Fedas, enger vun den Daachorganisatioun aus dem soziale Secteur, gemaach ginn. Hie géif d'Fedas elo encouragéieren, an deem Beräich verstäerkt aktiv ze ginn.

Drogekonsumraim rette Liewen

Den Direkter vum Comité National de Défense Sociale, Raoul Schaaf ass iwwerzeegt, dass Drogekonsum-Raim Liewe retten.

"Absolut, an ech denken dat gesäit een an all de Länner och ronderëm, déi rette Liewen vun deene Leit, déi am Konsum sinn, well se eng Méiglechkeet kréien, fir dat propper kënnen ze maachen, iwwerwaacht kënnen ze maachen."

Bäi Unzeeche fir eng Iwwerdosis, kéint professionellt Personal direkt intervenéieren, wat net de Fall wier, wann eng Persoun dobausser op der Strooss géif konsuméieren.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview