Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Muséeën a Musèesvisiteuren hu sech an de leschten 20 Joer staark verännert

Kultur

Muséeën a Musèesvisiteuren hu sech an de leschten 20 Joer staark verännert

D’Muséeën zu Lëtzebuerg hätten haut vill méi Moyenen a méi Budget, wéi nach virun 20 Joer, seet den Direkter vum Nationalmusée. Och de Public hätt sech staark verännert, seet de Michel Polfer.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Lauschterenplay_arrow

Den MNAHA, dat ass net just de Musée um Fëschmaart, mee och deen op den dräi Eechelen an d’Réimervilla beim Iechternacher Séi. D’Musée-Landschaft zu Lëtzebuerg hätt sech immens weiderentwéckelt. Et wieren och aner Muséeën dobäi komm. Doduerch wier eng gesond "Konkurrenz" entstanen.

Haut géif ee vill méi en internationale Public empfänken, wat een och un de Sproochen erkennt. Am Musée ass alles dräisproocheg: Franséisch, Däitsch an Englesch.

Wéi de Michel Polfer seng Funktioun opgeholl huet, war Franséisch bei Wäitem déi heefegst Sprooch, déi am Musée benotzt gouf. Haut läit den Engleschen Undeel däitlech iwwer 50 Prozent, Franséisch kënnt mat knapps drësseg Prozent hannendrun, an déi aner Sprooche si méi wéineg vertrueden.