Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marlène Negrini: "Wann ee méi Presenz huet, huet ee manner Strofdoten"

Policegewerkschaft

Marlène Negrini: "Wann ee méi Presenz huet, huet ee manner Strofdoten"

Déi nei Gemengepolice hätt d’Proximitéit tëscht Police a Bierger reaktivéiert, esou d‘Meenung vun der Policegewerkschaft SNPGL. Hir Presidentin Marlène Negrini huet dem zoustännege Minister Léon Gloden gëschter Owend op der Gewerkschaft hirer Generalversammlung dofir Merci gesot.

auto_stories

1 min

Si war virdrun och hei bei am Studio als Invité vum Dag. D‘Marlène Negrini huet do erkläert, d‘Policegewerkschaft hätt och vu Leit positive Feedback kritt iwwert déi nei Gemengpolice, déi den Ament, am Kader vu Pilotprojeten, zu Esch an an der Haaptstad um Terrain am Asaz ass.

"D'Leit si frou, datt se mol erëm Polizisten hunn, déi stoe bleiwen a mat hinne schwätze kënnen, an datt se och siichtbar sinn, datt déi Leit einfach duerch d'Stroosse ginn, net mam Auto laanscht fueren, mee datt se wierklech present sinn."

Et wier virun allem ee psychologeschen Effekt, sou d‘Marlène Nigrini. Et sollt een deen Effekt awer net ënnerschätzen: "Et ass natierlech och esou: Wann ee méi Presenz huet, huet ee manner Strofdoten."

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview