Radioen

On air

Concert  |  Een Owend an der Elbphilharmonie mat franséischem Impressionismus

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Creos: Gréissten Deel vun de Stéit wäert Augmentatioun vun Netzkäschten net mierken

Ännerung bei de Stroumtariffer

Creos: Gréissten Deel vun de Stéit wäert Augmentatioun vun Netzkäschten net mierken

De gréissten Deel vun de Stéit wäert d’Augmentatioun vun den Netzkäschten net mierken. Dat seet d’Direktesch vun der Creos, dem gréisste Stroumnetz-Bedreiwer zu Lëtzebuerg, am 100,7-Interview Dat am Kontext vun der aktueller Diskussioun ronderëm d’Netzkäschten, déi jo vum nächste Joer u méi dynamesch solle gehandhaabt ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Chris Zeien

Lauschterenplay_arrow

Déi definitiv Tariffer wieren nach net ganz festgeluecht, dofir wier et nach ze fréi fir konkret Zuelen ze nennen, seet d'Laurence Zenner. D'Creos geet awer dovun aus, datt 80 Prozent vun de Stéit mat deem neien Netzmodell keen Ënnerscheed wäerte mierken, verschiddener kéinte souguer eppes bäikréien.

Mam neie Modell soll dat bestoend Netz méi intelligent a besser iwwer den Dag verdeelt genotzt ginn. Wee vill elektresch Apparater gläichzäiteg notzt an domat d’Stroumnetz staark belaascht, soll méi bezuelen. Wéi en Impakt dat op déi global Stroumrechnung wäert hunn, géing vu Stot zu Stot relativ staark ofhänken, huet d’Laurence Zenner de Moien erkläert.

"Déi definitiv Tariffer sinn och nach net ganz festgeluecht, dofir sinn ech e bësse virsiichteg, fir elo Zuelen ze nennen.“

Et geet een dovun aus, datt 80 Prozent vun de Stéit, a priori keen Ënnerscheed wäerte mierken.

Simulatioune missten deemnächst disponibel sinn

Simulatiounen oder Beispiller ginn et aktuell nach keng. Déi wieren amgaangen ausgeschafft ze ginn, esou d’Direktesch vu Creos.

„Déi Rechebeispiller sinn amgaangen definitiv opgebaut ze ginn. Mat dann och deenen definitiven Zuelen. An deemno missten déi an der ganz nächster Zäit dann och disponibel sinn.“

Méi verantwortungsvollen Ëmgang mam Stroum

Op d’Fro ob mam neien Tariffmodell net grad déi bestrooft ginn déi an d‘Nohaltegkeet investéieren a sech zum Beispill een Elektroauto zou geluecht hunn, huet d’Laurence Zenner dat hei geäntwert.

Beim Elektroauto huet ee wéi gesot d’Méiglechkeet säi Verhalen esou unzepassen, datt een net dee Moment luet, wou alles mateneen amgaangen ass soss genotzt ze ginn. An dat hëlleft deementspriechend och fir d’Käschten net esou héich ze generéieren.

Allgemeng géing et dorëms goe méi verantwortungsvoll mam Stroum ëmzegoen. Dobäi ass et manner wichteg, wärend wéi engen Auerzäiten een de Stroum verbraucht, mee wéi vill Stroum ee matenee verbraucht.

An der Praxis wier et de Moment nach esou, datt zu bestëmmten Zäite vum Dag méi Stroum verbraucht gëtt an zu anere méi. Fir déi Spëtzten ofzeflaachen, misst een natierlech och seng Gewunnechten upassen, seet d‘Laurence Zenner.

"Zum Beispill wann een owes heem kënnt an da mécht een d'Kachmaschinn un, da muss een net onbedéngt direkt dee Moment ufänke säin Elektroauto ze lueden, dat kann ee jo zäitlech verschieben."

Mouvement Ecologique begréisst Pläng fir dynamesch Tarifikatioun

De Mouvement écologique huet haut déi nei Tarifstrategie kommentéiert. Energie sollt méi bewosst genotzt ginn a staark Verbraucher méi bezuelen. Âllerdéngs géife vill Froen op bleiwen an et hätten onbedéngt misste Beispiller ausgerechnet gi fir méi Transparenz. Da misst dem Client och méi kloer gemaach ginn, firwat déi nei Tariffer gutt sinn. Anerwärts géif ee riskéiere wichtegt Vertrauen ze verspillen an d‘Leit ouni Grond ze veronsécheren.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview