Radioen

On air

Notturno  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An den nächste Woche wäert eng nei Gouvernance vum Science Center presentéiert ginn

Serge Allegrezza

An den nächste Woche wäert eng nei Gouvernance vum Science Center presentéiert ginn

Am Science Center hätt et e Gouvernance-Probleem ginn "dee relativ krass war". Dofir hätt hien et als seng Aufgab gesinn d‘Struktur ze reforméieren, sou de Serge Allegrezza.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

"Ech kann iech soen, mir sinn do um gudde Wee, an ech hoffen, datt mer an den nächste Wochen eng Annonce kënne maachen, wéi deen neie Science Center elo opgestallt ass."

No méintelaangem Blockage am Dossier Science Center huet den Déifferdenger Wëssenschaftszenter elo en neie President. Den Industrielle Camille Feyder huet d'Presidence vum Verwaltungsrot iwwerholl, nodeems den Nicolas Didier de Verwaltungsrot verlooss huet.

Den Educatiounsministère hat Ännerungen an der Gouvernance verlaangt, well den Nicolas Didier zäitgläich President vum Verwaltungsrot war, Generaldirekter vum Science Center an och Proprietaire vun der Firma GGM11, mat där de Science Center enk zesumme schafft. De Camille Feyder sot eis, et wier alles an d'Weeër geleet fir eng 20 Mataarbechter vun der GGM11 z'iwwerhuelen. D'Zukunft vum Personal wier geséchert. Den Educatiounsminister Claude Meisch hat de Méindeg op RTL gesot, et wier och eng nei Konventioun fir e staatleche Co-Finanzement fir ee Joer ënnerschriwwe ginn.

Lauschterenplay_arrow