Radioen

On air

De Moien  |  Klein - Episode

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Heichspannungsleitung: D’Lënster Gemeng wëllt weider Upassungen

Geplangte Stroumtrass

Nei Heichspannungsleitung: D’Lënster Gemeng wëllt weider Upassungen

De Lënster Buergermeeschter ass dofir, datt d’Pläng fir eng Héichspannungsleitung a senger Gemeng ze bauen nach eng Kéier ugepasst ginn: Keng vun de Varianten, déi am Moment um Dësch léien, géif hien zefridde stellen, esou de Ben Ries.

auto_stories

2 min

Foto: Chris Zeien

Hie wéilt sech dofir an den nächste Méint dofir asetzen, datt weider Upassunge gemaach ginn. Datt déi nei Leitung duerch seng Gemeng wäert lafen, stellt de Lënster Buergermeeschter awer net a Fro.

"E perfekten Tracé gëtt et sécherlech net"

Hie wéilt net "einfach Tracéen an aner Gemengen zéien" goen, seet de Ben Ries.

"Mir probéieren elo zesumme mat der Creos - an hoffentlech och zesumme mam Environnement a mam Gemengerot an de Bierger, déi sech dofir asetzen - elo dee bescht-méiglechen Tracé ze kréien."

D'Gemeng ass prett géint Creos-Decisioun virzegoen

Wann iergendeng vun den aktuell bekannte Varianten esou sollt zeréckbehal ginn, da wäert d'Gemeng Jonglënster och dogéint virgoen, sou de Buergermeeschter.

"Dat wees d’Creos awer och. Mir hunn elo dräi mol en Avis ofginn am Numm vum Gemengerot zu deene verschiddenen Tracéën. An et gëtt och iwwerall Potential fir nozebesseren."

Den Ëmwelt-Impakt vun deene verschiddenen Variante vun der Heichspannungsleitung gëtt am Moment gepréift. Am Oktober soll d’Resultat vun der Analys virléien, an duerno soll dann décidéiert ginn, wéi genee déi nei Leitung soll verlafen.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview