Ob dat e Problem riskéiert ze ginn, géif sech an de 2025, 2026 an 2027 weisen, sot den Tom Haas vum STATEC am 100,7-Interview. Gewéinlech géif de Wuesstem awer no Krisen nees esou staark unzéien, datt dat, wat ee virdrun u Croissance verluer huet, erëm kéint gutt gemaach ginn.
Wat bleift vum zukünftege Wuesstem iwwreg?
Anescht wéi an de meeschte Länner wier d’Kafkraaft zu Lëtzebuerg och an de Krisejoren kontinuéierlech eropgaang, sou den Tom Haas
Zanter 2019 wieren d’Realléin - also d’Gehälter, Inflatiouns-berengegt, ouni Index - am Duerchschnëtt all Joer ëm 1 Prozent eropgaang. Elo kréien d’Leit, duerch d’Upassung vun der Steiertabell, déi gëscht gestëmmt ginn ass, nach eemol méi Suen an d’Täsch. Fir den Tom Haas gëtt et awer keng Garantie, datt de Käschtepunkt vun de Steiererliichterungen am Staatsbudget duerch méi Konsumausgabe quasi neutraliséiert gëtt. Dat ass jo de Calcul vun der Regierung.
"Elo kommen dann effektiv nach zousätzlech Coup-de-poussen derbäi, dat ënnerstëtzt natierlech dann och de Konsum. De Risiko ass natierlech, datt dat Ganzt an den Erspuernisser awer lant. An déi aner Limitt dodrunner ass eben, datt och wann et de Wee an de Konsum fënnt: mir importéieren awer achtzeg Prozent vun eise Gidder, sou datt awer e groussen Deel vun där Relance, déi doduerch entsteet, méi am Ausland spillt wéi zu Lëtzebuerg."
C02-Steier a Klimaziler
Wat eng Hausse vun der CO2-Steier ugeet sot den Tom Haas, datt den Impakt dovunner och vun de Mesuren am Ausland géing ofhänken.
"An et ass wouer, datt wa mir d'Steier an d'Luucht setzen, mee an Nopeschlänner genau dat nämmlecht geschitt oder souguer nach méi eng staark Hausse kënnt, datt dat dann u sech an déi aner Richtung ka goen. Mee dat sinn u sech awer Hypotheesen, déi mir dann och mat eranhuelen. Dat heescht, déi auslännesch Steierhausse berechne mir och ëmmer mat."
Dem STATEC no wier Lëtzebuerg aktuell dann och op der Trajectoire, fir seng Klimaziler ze erreechen.
"Dat heescht, datt mir bis elo laut eise Previsioun effektiv op der Trajectoire sinn, déi jo och am Energie- a Klimaplang stinn, wou mir jo och Simulatioune gemaach hunn. Do si mir en ligne."
Den Tom Haas huet allerdéngs preziséiert, datt et sech dobäi ëmmer ëm Momentopname géing handelen.