Am Moment läit de Chômage-Taux bei 5,7 Prozent. De Statec geet dovun aus, datt en am Laf vum Joer op 5,9 Prozent wäert klammen. Zu Lëtzebuerg klëmmt de Chômage domat am Moment méi staark wéi an aneren europäesche Länner. D’ADEM-Direktesch erkläert dat esou:
"Mir sinn natierlech eng ganz kleng Ekonomie, ganz oppen no baussen, an déi och staark op verschidde Secteure berout. A wann et an deene Secteuren, notamment de Bausecteur, méi lues dréit dann huet dat natierlech e ganz groussen Impakt.”
D’Prévisiounen deiten zwar drop hin, datt d’Ekonomie sech am Laf vun dësem Joer nees erhëllt. D’ADEM-Direktesch seet awer et kéint dauere bis een dat sech och an de Chômage-Zuelen neierschléit:
“Et gëtt ëmmer eng gewëssen Zäit, tëscht deem Moment, wou d’Ekonomie dann erëm wäert besser dréien, wéi de Statec et elo virgesäit, an deem Moment, wou mir et dann och an den Ziffere gesinn. Dat ass d’selwecht am Contraire: Wann d’Ekonomie méi lues dréit, dann dauert et och e bësse bis mir en Impakt an de Chômage-Zuele gesinn.”