D’Ursaach léich éischter bei Persounen, déi de Statut schonn hunn, déi awer keng Wunneng um fräie Marché fannen. Si bleiwen dofir an de Strukturen aus deene se eigentlech eraus missten, a bloquéieren do en Deel vun de 7.700 Better, déi et fir Flüchtlingen an deene Foyere ginn. Bei 2.000 Dossieren d’Joer wier Plaz an de Strukture fir dräi Joer.
“De reelle Problem ass: Do kommen d’Leit net eraus. Et ass manner un der viischter Dir wou ee misst schaffe fir d’Leit net eran ze loossen – wat jo awer elo de Fall ass, wat d’Belsch virgemaach hunn an anerer nomaachen - wéi datt een de Problem soll léise vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart.”
Angscht, datt Leit op der Strooss landen
E Freideg huet den Immigratiounsminister Asselborn jo ugekënnegt, Flüchtlingen, Männer, déi eleng op Lëtzebuerg kommen, géifen an Zukunft am Kader vun hirer Demande de Protection op eng Waardelëscht gesat ginn. Wat heescht dat konkret?
“Si kréien en Gros gesot: Dir musst, fir am Kader vun Ärer Demande de protection internationale kënne logéiert ze ginn, waarde bis Plaz ass. Wat heescht dat? D’Virstellung dohannert ass warscheinlech, datt d’Leit de Choix maache fir d’Land erëm ze verloossen."
Wa se dat net maachen, fäert de Marc Crochet, datt vill vun hinnen op der Strooss landen. Doduerch géif da rëm den Drock op aner Strukture klëmmt.