Radioen

On air

Tockcity  |  Roller Derby - Last Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Caritas: “Eis Streetworker gesi keng déck Autoe vun Heescherbanden”

Kampf géingt d'Aarmut

Caritas: “Eis Streetworker gesi keng déck Autoe vun Heescherbanden”

Dat ëmstriddent Heescheverbuet an der Haaptstad géif am Kampf géint d‘Aarmut näischt bréngen, sot d‘Carole Reckinger op eiser Antenn. Déi politesch Spriecherin vun der Caritas huet bedauert, datt d'Heescheverbuet eng vun den éischten Decisioune vun der neier Regierung gewiescht wier. 

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Dat ëmstriddent Heescheverbuet an der Haaptstad géif am Kampf géint d‘Aarmut näischt bréngen, sot d‘Carole Reckinger op eiser Antenn. Déi politesch Spriecherin vun der Caritas huet bedauert, datt d'Heescheverbuet eng vun den éischten Decisioune vun der neier Regierung gewiescht wier. 

Och d’Begrënnunge vum Minister Léon Gloden, datt d'Heescheverbuet déi aggressiv an organiséiert Mendicitéit viséiere géif, kéint si net novollzéien, sou d‘Carole Reckinger:

“Et ass awer esou, datt ëmmer vun deene Mercedesen a Camionnette geschwat gëtt, déi d’Leit Moies an der Stad géifen ofsetzen. Eis Streetworker hu mir awer bestätegt, datt se nach ni Moies an der Uewerstad esou eng Camionnette oder déi Mercedes'e gesinn hunn."

Dat Bild mat de Mercedes'en an de Camionnetten ass dat, wat de Minister Léon Gloden ëmmer nees benotzt hat, fir déi Mesure ze rechtfertegen. Wann et déi wierklech géing ginn, esou d'Carole Reckinger, da misst d'Police dran ënnerstëtzt gi fir der Saach op de Grond ze goen, an ze kucken, wat derhannert stécht.”

Carole Reckinger: "Aarm mécht krank hei zu Lëtzebuerg"

D’Caritas begréisst awer, datt déi nei Regierung e breet-ugeluechte Plang wëll ausschaffe fir d’Aarmut ze bekämpfen. Op dee Plang effikass ass, géif natierlech dovun ofhänken, wat herno an dem Plang drasteet, esou d’Caole Reckinger.

Déi politesch Porte-parole géif sech zum Beispill wënschen, datt d’Ministère besser zesumme schaffe fir der Aarmut entgéintzewierken:

“Datt mir aus dem Silo-Denken eraus kommen, wou et dann ëmmer just un engem Ministère hänkt, a wann dann nach een zweete Ministère dobäi kënnt, fänken d’Komplikatioune schonn un. Zum Beispill tëscht dem Familljeministère an der Santé: Et ass nämlech wichteg, d'Volete vun der Gesondheet a vun der Aarmut méi no beieneen ze kréien. Well mir gesinn: Aarm mécht krank hei zu Lëtzebuerg, a krank kann och aarm maachen.” 

Lauschterenplay_arrow