Wéinst engem Sécherheetsrisiko hat d‘Chamber virgëschter Owend hire Site an d‘IT-Systemer als Virsiichtsmoossnam vum Netz geholl. Am Ufank hat et geheescht, et sollt nees alles moies den Dag drop online goen. Et huet awer méi laang gedauert. Eréischt no 7 Auer gëschter Owend war de Site chamber.lu nees online. An de Petitiounssite ass wéi gesot nach ëmmer net accessibel.
Ëm wéi e Sécherheetsrisiko et sech genee gehandelt huet, gouf net matgedeelt.