Radioen

On air

Notturno  |  Hokube - The Chant

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Interkulturellt Zesummeliewe géint Rietspopulismus 

Fräie Mikro

Interkulturellt Zesummeliewe géint Rietspopulismus 

Sinn eis Demokratien nach ze retten? Déi Fro stellt sech d’Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen, d'Laura Zuccoli, an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Ëmmer méi Mënsche wiele Rietspopulisten. Ob Trump an den USA, Milei an Argentinien, Meloni an Italien oder Geert Wilders an Holland, ob AfD an Däitschland, Rassemblement National a Frankräich oder FPÖ an Éisträich. D'Tendenz ass kloer. D'Wieler wiele konservativ, nationalistesch an autoritär. Schluss mat progressiver Gläichstellung a Bedeelegung, mat oppene Grenzen a Multikulti, hin zu enger Gesellschaft, déi op Identitéit, Konfrontatioun an Oprëschtung setzt.

Vermeintlecht Sécherheetsgefill vermëttelen

Rietspopulistesch Parteie wëllen eis Rechter a Fräiheete beschneiden an d'Demokratie aushielegen. Beléiftsten Ugrëffsziler si minoritär Gruppen, wéi Flüchtlingen a Migranten, besonnesch aus sozial schwaache Schichten. Si ginn als Gefor fir eis Identitéit an eis Sécherheet duergestallt. Moderéiert Politiker reagéiere mat Grenzkontrolle fir d'Migratioun baussent der EU unzehalen an dem Wieler esou e vermeintlecht Sécherheetsgefill ze vermëttelen. 

Et wëll ee schliisslech de Rietspopulisten net den Terrain iwwerloossen. Mee genee de Géigendeel geschitt. Déi ugekënnegt staark Mesuren erweise sech als net effikass an d'Frustratioun beim Wieler wiisst. D'Rietspopuliste reiwen sech d'Hänn, hetzen déi gemässegt Politiker virun sech hier a gewannen nach ëmmer bäi.

Et hëlleft keng Mauer a keng Kontroll un de Grenzen

De Misär an der Welt hëlt zou, ëmmer méi Leit musse flüchten. Wéinst Aarmut an Honger, wéinst Krich, mee och ëmmer méi dacks wéinst dem Klimawandel. Do hëlleft keng Mauer an och keng Kontroll un de Grenzen. Nëmmen duerch e strukturéiert a kohärent Virgoe géint déi weltwäit Aarmut, duerch eng international koordinéiert Klima- a Friddenspolitik an duerch eng gerecht Kooperatioun mat de betraffene Regioune kann de Mënschen an hire Länner gehollef ginn, d'Flüchtlingsstréim agedämmt an de Rietsruck bei eis gestoppt ginn.

Populisten notzen d'Individualiséierung vun der Gesellschaft an d'Verlagerung vun der Kommunikatioun an d'Sozial Medien, geschéckt aus, fir Angscht ze verbreeden. Si gi simpel Äntwerten op komplex gesellschaftlech Froen a bidden sech als Sproochrouer vum Vollek un am Kampf géingt eng vermeintlecht korrupt Politikerelite. 

Net deen den Terrain iwwerloossen, déi eis Gesellschaft splécken

Den Individualismus an déi rasant Entwécklung vun eiser Gesellschaft schléissen ëmmer méi Mënschen aus, féieren zu ëmmer manner soziale Kontakter. Schold dru si natierlech och hei d’Auslänner, well déi eis Sprooch net schwätzen, soen d'Rietspopulisten. Mir dierfen deenen den Terrain definitiv net iwwerloossen, déi eis Gesellschaft splécken, Näid séien an Haass verbreeden.  

Mir mussen erëm léieren, eis mënschlech ze begéinen an auszetauschen, méi am reellen Alldag a manner am virtuellen. Mer brauchen an eisen Dierfer a Quartieren eng nei Qualitéit vum Zesummeliewen, déi op Respekt, Solidaritéit a Versteesdemech baséiert. Dat neit Gesetz vum interkulturellen Zesummeliewe, datt zanter dësem Joer a Kraaft ass, bitt dofir mat sengem Bierger- a Gemengepakt en exzellente Kader.

Éiergäizeg Politik vum Zesummeliewe passt besser, wéi rietspopulistesch Demagogie

En Drëttel vun de Lëtzebuerger Gemengen hunn de Pakt an der kuerzer Zäit schonn ënnerschriwwen. Vill anerer hunn hiren Interessi ugemellt. Ëmmer méi Awunner, Lëtzebuerger an Auslänner, ënnerschreiwen de Biergerpakt a bréngen esou hire perséinlechen Engagement fir d'Zesummeliewen zum Ausdrock. 

D'Migratioun ass e wichtegen Deel vun eiser Lëtzebuerger Identitéit an eng éiergäizeg Politik vum Zesummeliewe passt besser bei eis ewéi rietspopulistesch Demagogie a repressiv Léisungen. 

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.