Radioen

On air

Notturno  |  Cem Tem - Mytho

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Inneministère annuléiert d'Decisioun vum Hesper Gemengerot

No Protest vun der Oppositioun

Inneministère annuléiert d'Decisioun vum Hesper Gemengerot

D‘Decisioun vum Hesper Gemengerot, fir eng Kandidatin mat familiäre Lienen zum Buergermeeschter anzestellen, war net reegelkonform a si gouf dofir vum Inneminister Léon Gloden annuléiert. Dat huet de Ministère de Moie matgedeelt.

auto_stories

1 min

Hesper | © Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

An engem Communiqué schreift den Inneministère, datt déi betreffend Kandidatin net déi néideg Diplomer fir de Poste vum Employé communal am Grad A2 virweise konnt.

Am selwechte Kontext preziséiert de Ministère, datt dem Buergermeeschter keen Interessekonflikt kéint virgeworf ginn, well hie weder beim Vott, nach bei den Diskussiounen derbäi war. 

D’Oppositioun am Hesper Gemengerot hat d’Astellung vun der Coordinatrice fir de Pacte communal kritiséiert. Si hunn dem Buergermeeschter Marc Lies een Interessekonflikt virgeheit, well dee familiär Liene mat der Persoun huet. Si wier u sech och net fir dee Poste qualifizéiert, huet et vun der Oppositioun geheescht. Déi gréng, d’LSAP an d’Piraten haten dofir dem Familljen- an dem Inneministère e Bréif geschriwwen.