Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Nicolas Michaux - Nos Retrouvailles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inflatiounstaux zu Lëtzebuerg méi héich wéi am Rescht vun der EU

Eurostat

Inflatiounstaux zu Lëtzebuerg méi héich wéi am Rescht vun der EU

Den Inflatiounstaux an der Eurozon louch am Abrëll onverännert bei 2,4 Prozent. Dat huet Eurostat mat Sëtz um Kierchbierg gemellt. Virun engem Joer louch dësen Taux nach bei 7 Prozent. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Illustratioun Inflatioun | © picture alliance / photothek | Ute Grabowsky play_arrow
Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky

Grad wéi am Mäerz dëst Joer louch den Taux vun der Präisdeierecht am Euroraum mat sengen 20 Memberstaaten also och de leschte Mount bei 2,4 Prozent, esou dat statistescht Amt vun der Europäescher Unioun.

An der ganzer EU louch den Inflatiounstaux am Abrëll liicht méi héich, an zwar bei 2,6 Prozent.

Méi een héijen Taux wéi virun engem Joer

Fir Lëtzebuerg mellt Eurostat fir de leschte Mount een Inflatiounstaux vun 3 Prozent. Dat ass also ee Stéck méi héich wéi an der Eurozon, respektiv an der ganzer Europäescher Unioun.

Interessant ass, datt den Taux fir Lëtzebuerg am Abrëll 2024 méi héich läit, wéi am Abrëll 2023.

De Statec hat d’lescht Woch fir Lëtzebuerg een Taux vun 2,4 Prozent Inflatioun fir den Abrëll dëst Joer gemellt.

Inflatiounstaux vu 6 Prozent a Rumänien

Wat déi nei Eurostat-Zuele ugeet, sou hat Litauen de leschte Mount déi niddregst Inflatioun, mat engem Taux vun 0,4 Prozent. Déi héchst Präisdeierecht gouf et a Rumänien, mat 6,2 Prozent.

Déi Europäesch Kommissioun hat virgëschter um Mëttwoch gesot, datt den Inflatiounstaux an der Eurozon fir dëst ganzt Joer op 2,5 Prozent soll zeréckgoen. An der zweeter Hallschent 2025 soll den Taux dann d’Zil vun der Europäescher Zentralbank vun zwee Prozent erreechen.

An dës Europäesch Zentralbank decidéiert a knapp dräi Wochen, de 6. Juni, wéi et mat der Zënspolitik viru geet. Vill Experten erwaarde sech den nächste Mount eng éischt Reduktioun vum Leetzëns.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Europa
Wirtschaft