Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Indien: Regierungspartei gewënnt d'Walen, mee verléiert absolut Majoritéit

Oppositioun huet Néierlag nach net aktzeptéiert

Indien: Regierungspartei gewënnt d'Walen, mee verléiert absolut Majoritéit

No de Parlamentswalen an Indien ass de Premier Narendra Modi an enger Positioun, Regierungschef ze bleiwen, mee seng hindu-nationalistesch Partei BJP huet déi absolut Majoritéit fir d‘éischte Kéier zanter 10 Joer verluer.

auto_stories

1 min

Narendra Modi Walvictoire | © picture alliance / NurPhoto | Kabir Jhangiani
Narendra Modi Walvictoire (Foto: picture alliance / NurPhoto | Kabir Jhangiani)

Dem Modi seng Regierungskoalitioun NDA huet 293 Sëtz gewonnen. Dat geet duer fir eng Regierung ze forméieren. Déi oppositionell Allianz INDIA huet hirersäits däitlech besser ofgeschnidden, wéi erwaart. Si huet 232 Sëtz gewonnen. INDIA huet nach keng Néierlag akzeptéiert a sot, si géif haut iwwert déi nächst Schrëtt decidéieren.