Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
search

/ Pensiounen: “Et dierf op kee Fall zu Kierzunge kommen”

Pensiounssystem

Pensiounen: “Et dierf op kee Fall zu Kierzunge kommen”

Den Direkter vun der Chambre des Salariés seet, déi ëffentlech Pensiounskeess wier weider an enger komfortabeler finanzieller Situatioun. De Sylvain Hoffmann betount, et dierft op kee Fall zu Kierzunge bei den ëffentlech garantéierte Pensioune kommen.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

De Sylvain Hoffmann mécht sech keng gréisser Suergen driwwer, datt d’Projektiounen am Moment drop hindeiten, datt d’Pensiounskeess vun 2027 un op hir Reserve misst zréckgräife fir d’Pensiounen auszebezuelen.

"All déi Laangzäit-Projektioune waren an der Vergaangenheet ëmmer total falsch. Ech weess mir kréien dann alt gesot: Mee des kéier ass et awer richteg. Et gëtt awer wierklech keng Garantie, datt dat alles esou antrëfft."

Dem Sylvain Hoffmann no, géif et wéineg Sënn maache fir elo hei Mesuren ze huele fir eventuell 2070 de System am Equiliber ze hunn.

Déi nei Sozialministesch Martine Deprez mécht eng aner Analyse vun der Situatioun. Si hält eng Diskussioun iwwer déi laangfristeg Ofsécherung vum Pensiounssystem fir néideg. An huet entspriechend Gespréicher mat de Sozialpartner ugekënnegt.

Lauschterenplay_arrow