Radioen

On air

Concert  |  Chrëschtconcert

play_arrow Live
search

/ Ierpeldeng hëlt weider u Fusiounsgespréicher Deel

Nordstad

Ierpeldeng hëlt weider u Fusiounsgespréicher Deel

Zu Ierpeldeng soll zu dësem Ament kee Referendum ginn iwwer d’Fro gemaach ginn, ob d'Gemeng weider un den Nordstad Fusiounsgespréicher deelhuele soll oder net. Am Gemengerot gëschter um Donneschdeg hate sech 6 vun 9 Gemengeréit hanner de Buergermeeschter Claude Gleis gestallt, deen der Meenung war, datt een de Referendum wéi geplangt eréischt 2027 soll ofhalen. Dann, wa scho gewosst ass, wat eng Fusioun konkret wäert bedeiten.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Gemeng Ierpeldeng-Sauer play_arrow
Foto: Gemeng Ierpeldeng-Sauer

D'Fro, déi den Ierpeldenger Gemengeconseiller a Géigner vun der Nordstadfusioun, de Laurent Lacour, de Bierger elo direkt an engem Referendum wollt stelle loossen, war:

"Wëllt Dir, datt de Gemengerot weiderhin Nordstad-Fusiounsgespréicher féiert, an als nächste Schrëtt eng Fusiounsabsicht ënnerschreift?"

Hie wollt eben net bis 2027 waarden, fir d'Bierger:innen am Kader vun engem Referendum ze froen, preziséiert de Laurent Lacour.

"Mee et ass einfach, de Bierger ass bis elo nach ni gefrot ginn. Mir hunn zu Bettenduerf gesinn, datt d'Bierger sech zu Wuert wëlle mellen. Si wëllen an deem ganze Fusiounsprozess einfach och eng Kéier d'Wuert kréien. Et wier och ganz wichteg fir eis Gemeng gewiescht, datt de Bierger eng Kéier säi Go gëtt, datt mir eis an déi richteg Richtung beweegen."

Kee Vott aus dem Bauchgefill

De Buergermeeschter Claude Gleis a 5 Gemengerotsmember wollten awer dat, wat viru 6 Méint decidéiert gouf, ëmsetzen, nämlech datt ee Sondéierungsgespréicher iwwer eng Fusioun soll féieren, an 2027, wann ee weess, a wéi eng Richtung et kéint goen, ee Referendum organiséiert, esou de Buergermeeschter Claude Gleis.

"Wa mir à ce stade ee Referendum maachen, do wëssen d'Leit jo net, wat se ofstëmmen. Mir hunn nach kee Konstrukt Nordstad stoen, d'Leit sollen net an d'Blannt eran, oder aus dem Bauchgefill eraus, ee Vott huelen. Dat ass ganz kloer meng Meenung."

Och d'Fro, déi de Laurent Lacour wollt an engem Referendum stelle loossen, wier irritéierend gewiescht, betount de Claude Gleis.

"D'Fro war einfach irreführend, well et dat Wuert "en vue d'une fusion" drasteet, a mir sinn nach guer net do. Mir sinn am Moment bei Sondéierungsgespréicher an ech denken, do hunn d'Leit direkt d'Fusioun am Kapp, a mir sinn eeben nach net do, an do hätt een d'Leit vläicht, mengen ech, e bësse beaflosst."

Keng Ënnerschrëftesammlung ass geplangt

An den Diskussiounen am Gemengerot hunn d'Géigner vun enger Fusioun dacks iwwer déi geplangte Wandmillen um Bord vun der Gemeng bei Bierden geschwat. Et gouf e puermol ënnerstrach, datt ee géint d’Fusioun wier, soulaang de Projet Wandmillen nach géif bestoe bleiwen.

De Gemengeconseiller Laurent Lacour konnt sech gëschter um Donneschdegowend net duerchsetzen, mee huet net wëlles, elo eng Ënnerschrëftesammlung ze organiséieren, fir ee Referendum ze erméiglechen.

Zu Bettenduerf hat jo de Gemengerot decidéiert, keng Gespréicher méi ze féieren. Do awer goufen Ënnerschrëfte gesammelt, fir esou ee Referendum an d'Weeër ze leeden.

Lauschterenplay_arrow