Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Art d'Ecco - The Traveller

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ IAEA-Direkter reest d'nächst Woch an déi russesch Regioun Kursk

Krich an der Ukrain

IAEA-Direkter reest d'nächst Woch an déi russesch Regioun Kursk

D‘nächst Woch soll den Direkter vun der Internationaler Atomenergie-Agence a Russland reesen, fir sech e Bild vun der Situatioun am Atomkraaftwierk an der Regioun Kursk ze maachen.

auto_stories

1 min

Rafael Grossi | © picture alliance
Foto: picture alliance

Déi ukrainesch Arméi huet jo rezent eng Offensiv an deem russesche Grenzgebitt lancéiert. D‘Angscht ëm d‘Sécherheet vun der Zentral ass grouss. D‘IAEA hat béid Säiten dozou opgeruff sech maximal zeréck ze halen.

Déi russesch Arméi kënnt an der Ukrain ëmmer méi no un d‘Stad Pokrovsk, enger wichteger Logistik-Dréischeiw am Land. Iwwert déi lescht Wochen hunn d‘Russen Duerf ëm Duerf am Secteur ageholl a sinn elo just nach eng 10 Kilometer vun der Stad ewech. D‘Autoritéiten hunn d‘Awunner dozou opgeruff, d‘Urgence ze flüchten. Ronn 53.000 Mënschen hunn an der Stad gewunnt.