Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Publicitéitsagencen: “Mir stiechen an enger Kris”

Marketing a Kommunikatioun

Publicitéitsagencen: “Mir stiechen an enger Kris”

D’Lëtzebuerger Kommunikatiounsagencë fäerten an eng Kris ze rutschen. Eng Réi Agencen hätte scho missen zoumaachen, well si dem Präisdrock am Secteur net méi konnte standhalen, esou d’Netty Thines vun der Mark-Com, der Associatioun vun den Agencen aus dem Kommunikatiounssecteur.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D’Associatioun stéiert sech virun allem drun, datt d’Agencë fir Opträg ze kréien dacks bei Concourse musse matmaachen, ouni datt si dofir bezuelt ginn.

“Dat ass net nei. Mee wat nei ass, dat ass datt et esou intensiv ginn ass. Datt ëmmer méi Concourse kommen. An wat och net nei ass, dat ass datt mer net remuneréiert ginn. D’Architekte ginn zum Beispill remuneréiert bei hire Concoursen. An dat ass bei eis net de Fall.”

 

Sech am Virfeld mat den Agencen austauschen

Dat wier awer net iwwerall de Fall. An Däitschland zum Beispill gouf de Cliente vermëttelt, datt nëmmen eng limitéiert Nummer un Agence soll consultéiert ginn an se am Virfeld sech mat Agencen austauschen, op se passen.

"Well et gesäit ee jo un Hand vun de Projeten, déi d’Agence gemaach huet, un Hand vun de Leit, déi op Dossiere gesat gi fir wien een eng Präferenz huet."

Doduerch kéint ee sech een Appell d'offres oder ee Concours spueren, an domat och Zäit, fënnt d'Netty Thines.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview