D’Associatioun stéiert sech virun allem drun, datt d’Agencë fir Opträg ze kréien dacks bei Concourse musse matmaachen, ouni datt si dofir bezuelt ginn.
“Dat ass net nei. Mee wat nei ass, dat ass datt et esou intensiv ginn ass. Datt ëmmer méi Concourse kommen. An wat och net nei ass, dat ass datt mer net remuneréiert ginn. D’Architekte ginn zum Beispill remuneréiert bei hire Concoursen. An dat ass bei eis net de Fall.”
Sech am Virfeld mat den Agencen austauschen
Dat wier awer net iwwerall de Fall. An Däitschland zum Beispill gouf de Cliente vermëttelt, datt nëmmen eng limitéiert Nummer un Agence soll consultéiert ginn an se am Virfeld sech mat Agencen austauschen, op se passen.
"Well et gesäit ee jo un Hand vun de Projeten, déi d’Agence gemaach huet, un Hand vun de Leit, déi op Dossiere gesat gi fir wien een eng Präferenz huet."
Doduerch kéint ee sech een Appell d'offres oder ee Concours spueren, an domat och Zäit, fënnt d'Netty Thines.