Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An Israel gouf et de Samschdeg nees Massendemonstratioune géint d‘Regierung

Noen Osten

An Israel gouf et de Samschdeg nees Massendemonstratioune géint d‘Regierung

Den Organisateuren no hätten eleng zu Tel Aviv ronn 500.000 Demonstranten en Ofkommes mat der Hamas iwwert d‘Fräiloossung vun den israeelesche Geisele gefuerdert. Déi indirekt Verhandlungen doriwwer, bei deenen d‘USA, Ägypten an de Katar tëscht de Konfliktparteie vermëttelen, dréinen zanter Méint ouni Resultat am Krees.

auto_stories

1 min

Demonstratiounen an Israel | © picture alliance / NurPhoto | Gili Yaari
Foto: picture alliance / NurPhoto | Gili Yaari

Kritiker reprochéieren dem israeelesche Premier Netanjahu d‘Negociatioune mat iwwerdriwwene Fuerderungen ze torpedéieren. De Chef vum amerikanesche Geheimdéngscht CIA huet fir déi nächst Deeg weider indirekt Verhandlungen ugekënnegt.

Iwwerdeems ginn déi militäresch Ausenanersetzungen tëscht der israeelescher Arméi an der proiranescher Hisbollah-Miliz am Libanon weider. An der Nuecht gouf am Norde vun Israel Loftalarm ausgeléist, op d‘mannst zwee Geschosser wieren ageschloen an hätte Schued verursaacht, heescht et an israeelesche Medien. Do virdrun ware bei enger israeelescher Attack am Südlibanon de lokalen Autoritéiten no am fréien Owend op d‘Mannst 3 Mënsche gestuerwen. D‘Hisbollah huet iwwert den Dag verdeelt eng Rei Ugrëffer op Israel fir sech revendiquéiert.