Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joëlle Welfring: "All COP ass wichteg"

Klimapolitik

Joëlle Welfring: "All COP ass wichteg"

Ass nach mat engem Accord op der Welt-Klimakonferenz ze rechnen? Déi fréier Ëmweltministesch Joëlle Welfring bleift optimistesch. Mee et kéim op d'Gültegkeet vum Accord un.

auto_stories

3 min

headphones

11 min

play_arrow
Déi fréier Ëmweltministesch Joëlle Welfring. (Foto: Jo Diseviscourt)

Haut um Freideg ass u sech de leschten Dag vun der Klimakonferenz zu Baku. D'Diskussioune sinn zënter Deeg festgefuer. Déi fréier gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring gleeft awer drun, datt et trotz allem zu engem Accord kënnt.

Och kleng Schrëtt si wichteg

Esou Accorde géifen dacks eréischt a leschter Minutt fonnt ginn, seet d'Joëlle Welfring. Et misst ee just kucken, wéi valabel deen Accord da wier, sot déi gréng Deputéiert am 100,7-Interview.

Et géing awer ganz schwéier bleiwen, fir Pronosticken opzestellen, wann ee selwer sur place ass, an och zu den Negociateure géing gehéieren, gëtt d'Joëlle Welfring ze bedenken.

"Mee et ass scho wouer, dass do muss wierklech Drock opgebaut ginn, fir dass tatsächlech do vläicht och eng Kéier eppes bougéiert, mee wéi gesot, all COP ass awer wichteg, och wann et nëmme kleng Schrëtt sinn."

Net all Konventioun op internationalem Level hätt déi Moyenen, fir sech eemol am Joer ze treffen, betount déi gréng Politikerin.

"Dat ass extreem wichteg, datt een dat mécht, an datt een awer ëmmer erëm och dat Theema héichhält weltwäit."

Gewësse Kontinuitéit vun der Klimapolitik

Zur Klimapolitik vun der aktueller schwaarz bloer Regierung stellt déi fréier Ëmweltministesch fest, datt dës och weiderhin op Encouragementer an Ënnerstëtzung setzt, fir datt d‘Leit bei der nohalteger Transitioun matmaachen. Mee ass dat esou vill anescht, wéi bei der leschter Regierung?

"Et ass richteg, datt do verschidden Elementer weidergefouert ginn, mee trotzdeem si mir der Meenung, datt et wierklech och mam Stroumpräisdeckel a mat anere Saachen, wou mir am Moment mierken, datt et hei trotzdeem net onbedéngt zu engem Encouragement kënnt. An dat si Saachen, déi sollten eis Suerge maachen."

Weider wier ee bei déi gréng der Meenung, datt een dat och anescht hätt kënne maachen an zwar esou, datt et um Enn vum Mount fir d'Leit interessant bleift. Dat wier nämlech "ganz, ganz wichteg", esou d'Joëlle Welfring.

Kee Präisdeckel méi bei fossillen Energien

D'Regierung géing Signaler senden, déi si net glécklech géing fannen an dëser Phas. Mee kéint een net soen, grad aus grénger Siicht, datt ee méi deiere Stroum zu manner Verbrauch kéint féieren? Jo, mengt d'Joëlle Welfring. Wichteg wier awer virun allem, datt de Präisdeckel bei de fossillen Energien erofkéim.

"Ech mengen, dat ass och fir mech eng normal Saach, dass een dat net éiweg ka weiderfueren. Mee grad mam Elektreschen ass et ganz wichteg, well ganz vill Transitiounstechnologien op Elektresch berouen, dass een déi lo net do penaliséiert, déi Leit. A generell wësse mer, dass d'Elektreschpräisser laut dem Pronostic jo 2026 souwisou sollen erofgoen."

D'Joëlle Welfring ass der Meenung, datt et gutt gewiescht wier, zumindest fir 2025 dee Präisdeckel bäizebehalen op deem Niveau, wéi e war. 

"Just um Stroum. An da kucken, ob een net progressiv kann erofgoen."