D‘Iddi huet hir Originnen Ufank den Nonzeger an den USA an huet an Tëscht och hire Wee op Lëtzebuerg fonnt. D‘Regierung wëllt iwwert den Housing First d‘Aarmut hei am Land bekämpfen an d‘Leit vun der Strooss kréien. De Comité nationale de défense sociale (CNDS) bedreift haut schonn Housing First-Projeten.
Den Direkter Raoul Schaaf erkläert am 100,7-Interview, datt hie bis ewell nach net op Onverständnis gestouss wier. Keng Populatioun géif méi favorabel behandelt ginn, wéi eng aner.
"D'Philosophie ass eigentlech déi, datt ech mat Léift schaffen, datt ech mat Akzeptanz schaffen, datt ech kucke fir de Mënsch erëm an eng Situatioun ze kréien, wou e mat sech selwer eens ass an och selwer virukënnt."
Housing First erméiglecht et de Leit zum Beispill och de Revis kënnen unzefroen. An da misst och an deem Projet e gewësse Loyer bezuelt ginn.
"Et ass also kee gratis Wunnen."
Déi Leit, déi an esou enger Wunneng ënnerbruecht ginn, kënnen iwwerdeems esou laang do bleiwe wéi si dat wëllen, esou nach de CNDS Direkter Raoul Schaaf.