Gëschter hunn honnerte Patienten an hir Famillen d’Spidol verlooss a Richtung Süde vun der Gazasträif, an dat zu Fouss. Am Spidol bleiwen nach Patienten, déi net konnten evakuéiert ginn, dorënner och Puppelcher.
Et gouf och eng Konfusioun ëm d’Evakuatioun vum Spido. Déi israeelesch Zaldoten hätten iwwer Haut-parleur d’Evakuatioun ordonéiert, dono dat awer dementéiert. Et wier op Wonsch vum Spidolsdirekter geschitt.
Déi radikal islamistesch Hamas huet gëschter annoncéiert datt op mannst 80 Palestinenser an engem Schoulkomplex gestuerwe wieren, dëst nodeems Israel ee Flüchtlingscamp zu Jabaliya viséiert hätt.
Waffestëllstand ënner Konditiounen
Et ginn ëmmer méi Zeechen derfir datt et zu engem Accord tëscht der islamistescher Hamas an Israel kënnt iwwert eng Wafferou vu fënnef Deeg an der Gazasträif. Dat schreift d’Washington Post, och Israeelesch Medien hunn dat haut gemellt.
Ënnert der Mediatioun vum Katar, géif deen Accord zustane kommen, dëst awer ënnert der Bedingung datt Dosende Geisel vum Hamas fräigelooss ginn.
Der israeelescher Televisioun N12 no, geet et em d’Befreiung vu 87 Geisel, dorënner 53 Fraen, Kanner a Jonker, a 34 Auslänner.
De 7. Oktober haten Terroriste vun der Hamas 240 Persounen aus Israel entfouert an an d’Gazasträif verschleeft.
Déi Wafferou kéint et erlaben déi humanitär Hëllef an d’Gazasträif ze bréngen.
Fir den Ament gëtt et awer keng offiziell Confirmatioun iwwert esou een Accord.