Radioen

On air

9 bis 1  |  Alfalfa - Head Under Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Holland: Geert Wilders verzicht op d'Mandat vum Regierungschef

Trotz Victoire bei de Walen

Holland: Geert Wilders verzicht op d'Mandat vum Regierungschef

De Rietspopulist Geert Wilders verzicht op d‘Mandat vum hollännesche Regierungschef. Dat huet hie gëschter iwwerraschend op X matgedeelt, véier Méint no den hollännesche Parlamentswalen, bei deenen hien a seng Partei als grouss Gewënner erausgaange waren.

auto_stories

1 min

Hie kéint just Premier ginn, wann déi aner Parteien aus enger Koalitioun hien als Regierungschef ënnerstëtzen, dat wier awer hei net de Fall gewiescht. Hie géif elo de Wee fräimaache fir eng riets Koalitioun, déi manner Immigratioun an Asyl wëllt, esou de Wilders.