Radioen

On air

Notturno  |  Cem Tem - Mytho

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Familiär Lienen zum Buergermeeschter: Hesper Oppositioun kritiséiert nei Astellung

Coordinatrice fir de Pacte communal

Familiär Lienen zum Buergermeeschter: Hesper Oppositioun kritiséiert nei Astellung

D’Oppositioun am Hesper Gemengerot hat d’Astellung vun der Coordinatrice fir de Pacte communal kritiséiert. Si hunn dem Buergermeeschter Marc Lies een Interessekonflikt virgeheit, well dee familliiär Liene mat där Persoun huet. Déi gréng, d’LSAP an d’Piraten haten dofir dem Familljen- an dem Inneministère e Bréif geschriwwen.

auto_stories

2 min

© Wikimedia Commons

Déi nei Coordinatrice fir de Pacte Communal hätt e familiäre Lien mam Buergermeeschter a si wier u sech net fir dee Poste qualifizéiert, heescht et vun der Oppositioun.

Am Ganze goufen et 10 Kandidaturen. De Mathis Godefroid vun de Pirate mengt am 100,7-Interview, d’Kandidatin, déi zeréck behale gouf, géif mat engem Bachelor an der Hotellerie, net déi Viraussetzungen erfëllen, déi gefrot waren.

Manktem un Transparenz

Iwwerdeems géif de private Lien mam Buergermeeschter en Interessekonflikt duerstellen, well een direkte Lien familial besteet.

„An de Buergermeeschter war bei den Astellungsgespréicher dobäi. Dat ass eng Violatioun vum Artikel 20 vum Gemengegesetz.” 

Fir de Stephen De Ron vun déi gréng, ass virun allem de Mangel un Transparenz e grousse Problem.

“Also d’Leit sinn dat iergendwann am Gemengerot, kuerz virum Vott gewuer ginn, wou de Marc Lies dunn aus dem Sall gaangen ass.“

Et hätt een dat direkt vun Ufank u solle soen, fënnt de Conseiller vun déi gréng.

DP-Schäffen: Alles ass no de Reegele verlaf

Fir den DP-Schäffe Claude Lamberty, Koalitiounspartner vun der CSV, wier d’Rekrutementsprozedur an och d‘Nominatioun fir dee Posten no de Reegele verlaf – elo wier et um Ministère fir ze decidéieren. 

“An do gouf et e Vott, dat ass e geheime Vott, an do ass eng Persoun déi d’Majoritéit krut. Sou datt mir hei eng Nominatioun vun enger Persoun hunn, déi duerch de Gemengerot nominéiert gëtt.” 

D‘Innen- a Familljeministèrë mussen elo d’Decisioun huelen, ob alles no de Reegele gaangen ass, oder ob déi Kandidatur zeréckgezunn an néi ausgeschriwwe muss ginn.

Mir hu bei den zwee zoustännege Ministèren – Intérieur a Familljeministère nogefrot. Vum Familljeministère krute mir eng schrëftlech Äntwert iwwert Email. Zum Virworf vun engem Intressekonflikt beim Rekrutement äussert de Familljeministère sech net. Wat d‘Besetzung vum Poste vun engem Coordinateur de Pacte communal betrëfft géif d’Verantwortung bei der Gemeng leien. Nach keng Reaktioun krute mir vum Inneministère a vum Hesper Buergermeeschter Marc Lies.