Am Juli hunn der EU-Kommissioun no déi gréisste Bëschbrenn an der Geschicht vun der europäescher Unioun grouss Deeler vu Griicheland zerstéiert. Am September sinn a Libyen méi wéi 10.000 Leit bei Iwwerschwemmunge gestuerwen an am Oktober huet een Hurrikane grouss Schied zu Acapulco ugeriicht.
Et gëtt sech op weider Naturkatastrophe virbereed
De Welt-Risiko-Bericht gesäit virun allem fir Asien an Amerika ee grousse Risiko fir zouhuelend Katastrophen. Ee Grond dofir wieren d’Konsequenze vun der Klimakris. Dat wier schonn zanter Laangem gewosst, erkläert de Michael Feit, Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas Lëtzebuerg, réckbléckend.
„Der Klimawandel hat fatale Folgen, nicht nur für die Naturkatastrophen, sondern für die Menschheit allgemein. Und da arbeiten wir ja, nicht nur die Caritas, auch alle anderen Hilfsorganisationen seit vielen, vielen Jahren an der Sensibilisation, an der Prävention aber auch in der direkten Hilfe (Flüchtlingsmigranten aus Afrika etc..). Wir bereiten uns natürlich sehr stark auf Naturkatstrophen vor, vor allem in den Ländern in denen wir arbeiten.“
Och MSF setzt op Präventioun an huet sech och deemno op dat neit Joer preparéiert, sou d’Esther Leick, d‘Pressespriecherin vu Médecins sans frontiers Lëtzebuerg am 100,7-Interview.
„On a des équipes qui sont déjà en place, pour pouvoir suivre les différents indicateurs de santé et qui peuvent permettre de savoir où est-ce que nos actions seraient importantes. Et où est qu’il y a des risques qui sont à envisager. Voilà, on a déjà un premier « mapping » de toutes les zones tendues en 2024 dans les cas qu’on va potentiellement devoir intervenir."
Médecins sans frontières: 2024 kéint et zu finanzielle Problemer kommen
De Moment lafe Projeten an iwwer 70 Länner. Mee mat Naturkatastrophen, déi sech wäerten heefen, kréien och Organisatioune wéi MSF Schwieregkeeten: de finanzielle Besoin geet an d‘Luucht, mee d‘Spenden awer net. Dat wäert d’ONG nächst Joer viru finanziell Problemer stellen, sou d‘Esther Leick nach weider.
„Malheureusement, il y a une augmentation des crises humanitaires, il y a de plus en plus des régions qui sont dans des zones de conflits, il y a eu les catastrophes naturelles évidemment qui sont augmentées. Et donc, ça veut dire en 2024, on envisage déjà de réduire une partie de nos activités à cause d’un manque de financement."
D’Esther Leick appelléiert un d’Politik vun de Länner aus dem globalen Norden: et wier hir Verantwortung fir Emissiounen ze reduzéieren an ze verhënneren, datt de Klimawandel sech verschlëmmert. Fir MSF ass et net méi nëmmen eng Fro vun der Solidaritéit a Form vu Spenden, mee eng moralesch Fro fir d’Politik.