Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Blood Orange - Charcoal Baby

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Héichwaasser-Alerten: Exzellent Zesummenaarbecht

Héichwaasser

Héichwaasser-Alerten: Exzellent Zesummenaarbecht

D’Zesummenaarbecht tëscht de zoustännegen Autoritéite beim Héichwaasser vun der leschter Woch hätt exzellent funktionéiert – dat bestätege souwuel d’ Waasserverwaltung wei och Meteolux. 

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Fir en definitive Bilan vun der Gestioun vum Héichwaasser vu leschter Woch ze zéien, wier et awer nach ze fréi. Doriwwer sinn sech d’Meteolux, d’Waasserverwaltung, d’Rettungsdéngschter an den Héichkommissariat fir national Sécherheet eens. 

Net d'Ausmooss vu virun 3 Joer

Et wier wichteg gewiescht d’Leit virun de Geforen ze warnen an hinnen awer gläichzäiteg ze verstoen ze ginn, datt d’Héichwaasser net dat Ausmooss vun 2021 hat, erkläert den Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung. 

“Mir haten och scho fréizäiteg Kontakt opgeholl, den éischte Januar, wou mer gesinn hate, wat komme géif mam HCPN, mam CGDIS a mat Meteolux. An do muss e soen, datt do d' Zesummenaarbecht tëscht de véier Partner wierklech exzellent funktionéiert huet, an dëst och garantéiert huet, datt d'Bevëlkerung eben adequat an och relativ séier gewarnt gouf virun deem Héichwaasser, wat och komm ass.”

Lauschterenplay_arrow

Vum Inneministère, dem CGDIS an och dem Héichkommissariat fir national Sécherheet gouf et keng offiziell Reaktioun op eis Nofro hin. Si hu géigesäiteg openee verwisen.