Radioen

On air

De Weekend  |  Bert Goergen - DT Esch Abol

play_arrow Live
search

/ Heeschpelter Mordprozess: Psychiater schätzt Ugeklote wosst wat se gemaach huet

Dikrecher Geriicht

Heeschpelter Mordprozess: Psychiater schätzt Ugeklote wosst wat se gemaach huet

Am Heeschpelter Mordprozess schätz Psychiater déi ugekloten als "net komplett onzourechnungsfäeg an". Hien huet um Donneschdegmoien um Dikrecher Geriicht ausgesot, nodeems hien déi Ugeklote fir seng Expertis gesinn huet.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Palais de Justice Dikrech | © Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

Et geet hei ëm de Fall an dem am Februar 2022 eng Fra hire 56 Joer ale Mann op d‘mannst 6 Mol mat engem Hummer op de Kapp soll geschloen hunn. D'Affer ass net direkt gestuerwen. D‘Läich gouf eréischt am Mäerz am Keller vu sengem Haus fonnt.

Dem Expert no wär d’Beschëllegt "zimmlech warscheinlech net komplett onzourechnungsfäeg", obwuel 2013 bei hir eng paranoid Schizophrenie diagnostizéiert gouf. An hiren Aen hätt hire Mann si krank gemaach, huet de Psychiater ausgesot. Fir deen d’Fra, wa si hir Medikamenter hëlt, no enger Zäit besser drun ass. Si géif d’Medikamenter awer zäitweis ofsetzen.

Zweet Expertis huet näischt aneres erginn

Den Expert erkläert, datt der Fra hirt Urteelsverméige bei der Dot limitéiert, awer net opgehuewe war. Si hätt him géintiwwer och net vun enger Wahnsituatioun am Kader vun der Dot geschwat. 

Eng complementaire Expertis vun enger anerer Psychiaterin hätt näischt anescht erginn, sou den Expert. Doropshin huet den Affekot vun der Fra, deen déi Psychiaterin u sech nach héiere wollt, no Récksprooch mat senger Cliente ugekënnegt, dorop ze verzichten.

Virun der Dot koum et zu Gewalt vu Säite vum Mann

De Psychiater huet um Donneschdegmoien nach zu Protokoll ginn, datt d’Ugekloten dat spéidert Affer 2012 iwwer eng Partnerschaftsvermëttlung kennegeléiert hat. Um Enn vun deem Joer koum et schonn zum Bestietnis. Kuerz drop hätt de Mann ugefaange mat drénken. Op Grond vum Alkohol wier et relativ séier zu Gewalt komm.

D’Fra hätt sech eleng gefillt a sech zanter 2018 wëlle scheede loossen. Um Dag vun der Dot hätt hie si moies mat engem Messer bedreet, wouropshi si, aus Angscht, an eng Spëndche geflücht wier. Do hätt si en Hummer fonnt an dee matgeholl. 

Kee Wuert vu Bedaueren an de Gespréicher

De Mann hätt d’Tëlee gekuckt, mam Réck zu hir gedréint, a si, den eegenen Aussoen no, hien zwee- bis dräi Mol op de Kapp geschloen. Dunn hätt si hien ausgedoen, mat de Féiss a Richtung Keller geschleeft an d’Trap erofgestouss. Si wär ëmmer nees no him kucke gaangen, bis hien den Dag drop net méi geotemt hätt; dunn hätt si d’Luucht ausgemaach an deeglaang iwwerluecht.

Vun der Fra wier an de Gespréicher kee Wuert vu Bedauere komm, keng Trauer a keng Emotioun, sot den Expert nach. Um Ufank vu sengen Ausféierungen hat d’Fra de Moien zum Deel gekrasch.

De Prozess geet e Méindeg 11. November virun.

  Lauschterenplay_arrow