Radioen

On air

Kultur um 5  |  Chlöe and Anderson .Paak - Favorite

play_arrow Live
search

/ D'Heescheverbuet geet an déi repressiv Phas

Stad Lëtzebuerg

D'Heescheverbuet geet an déi repressiv Phas

No enger Sensibiliséierungsphas vun engem Mount geet elo déi repressiv Phas un. D’Police wäert mat verstäerkter Presenz a geziilte Kontrollen dat neit Heescheverbuet an der Haaptstad ëmsetzen. Dëst stéisst awer op vill Kritik.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Michelle Barthel play_arrow
(Foto: Michelle Barthel)

An der Haaptstad ass, op bestëmmte Plazen an a verschiddene Stroossen tëscht siwen Auer Moies an zéng Auer Owes, all Form vun Heesche verbueden. No enger Sensibiliséirungsphase vun engem Mount sollt dat vill ëmstriddent Heescheverbuet an déi repressiv Phas iwwergoen.

Bei Minus Graden a Schnéi hat sech e klenge Grupp u solidaresche Mënschen um Hamilius versammelt fir ze suivéiere wéi d’Police dat néit Heescheverbuet géif ëmsetzen.

Sechs Poliziste mat Hond

Et hat och net laang gedauert, bis een ziville Polizist eng Patrull nogeruff hat, fir eng Koppel déi um Hamilius geschlof hat fort ze schécken.

Et koumen enger ronn sechs Poliziste mat Hond erbäi an hunn d’Koppel ënnert engem Bierg vun Decken ugeschwat. Et huet ausgesinn, wei wann déi zwee bis de Moment geschlof hätten. No der Kontroll huet d’Madamm virun der Press erzielt, datt d’Police hier Nimm notéiert an si vun der Plaz verwisen hätt.

Do duerno huet d’Police-Patrull hier Ronn weider gemaach, an si bei déi vereenzelt Sans-Abrise gaangen.

Protokoller oder op d'Geriicht geschéckt

Protokoller goufen, soulaang Journalisten op der Plaz waren, zumindest keng geschriwwen. D’Mënschen op der Strooss goufen awer weider iwwer d’Konsequenze vun dem néien Heescheverbuet informéiert, wéi eng Persoun op der Theaterplaz erzielt.

“Nee si hunn eis gesot datt wa mer heesche géifen, datt se eis e Protokoll géife ginn. Dat war awer och dat eenzegt wierklech wat se gesot hunn a wa mer de Protokoll net bezuele kéinten da géifen se eis op d'Geriicht schécken.”

Mënscherechtsaktiviste kritiséieren d'Heescheverbuet

Ënnert deene sëllege Leit déi sech wollte solidaresch weise war och d’Marie-Marthe Muller, eng Mënscherechtsaktivistin. Si hat an der Groussgaass zu enger Solidaritéitsaktioun opgeruff.

“An et geet surtout net, fir déi Leit aus der Stad fort ze drécken an dann, enzwousch aneschters, datt déi einfach verjot ginn. Well domadder léise mer hire Problem net. Déi Leit musse gehollef kréien an dofir sinn ech hei.”

D’Aktiviste kritiséieren déi politesch Entscheedung vum Heescheverbuet.

Keng schrëftlech Instruktiounen un d'Policebeamten

D'Beamten op der Plaz mussen déi Entscheedung ëmsetzen an dat ouni konkret schrëftlech Instruktiounen zum Virgoe vun der Police. Wéi d’Marlène Negrini vun der Police-Gewerkschaft nämlech erkläert géifen et där keng ginn. Si seet weider, datt et an där repressiver Phase géif drëm goen, all Heeschert dem néie Gesetz no ze protokolléieren. Wéi et duerno weidergeet, géif beim Parquet leien.

“Ech weess just, datt et haut eben den éischten Dag war, wou déi Repressiv-Phas soll ufänken an, et gëtt lo lues a lues gesteigert. Dat heescht, haut ware lo keng honnert Polizisten do, mee lo gëtt mol lues a lues gi lo méi Polizisten eben an déi Zonen deployéiert.”

All Form vun Heeschen ass betraff

D’ Police erkläert, datt et kee Grouss-Asaz gewiescht wier. Vill méi géif d’Police am Kader vun den normale Patrullen zënter Gëschter geziilt Kontrolle maachen. An dat wier och d’Approche fir déi nächsten Zäit, heescht et an enger schrëftlecher Äntwert vun der Police. D’Stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer, wollt keng Froen dozou beäntweren.

Och wann eng gréisser Police Aktioun zum Start vun der repressiver Phase, Gëschter ausbliwwen ass, bléift d’Fro awer, wéi d’ Ëmsetzung vum Heescheverbuet wäert weider goen. Well och wann ëmmer rëm vun den organiséierte Bande riets war, beschreift den Text vum Heescheverbuet all Form vun Heeschen.

Lauschterenplay_arrow