D‘Kämpf gi bis haut ongebremst weider: Trotz der massiver militärescher a finanzieller Hëllef aus dem Westen kontrolléiert Moskau weiderhin ronn e Fënneftel vum ukrainesche Staatsgebitt, inklusiv der schonn 2014 annektéierter Schwaarzmier-Hallefinsel Krim. Fir dësen trauregen 2. Joresdag waren zu New York hënt Reunioune vun der UNO-Vollversammlung a vum Weltsécherheetsrot.
Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres an Dosende Länner hunn do de Réckzuch vun de russeschen Truppe verlaangt. Haut ginn eng ganz Rëtsch héichrangeg westlech Politiker zu Kiew erwaart. De Muere scho sinn d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen souwéi de kanadesche Premier Justin Trudeau an der ukrainescher Haaptstad ukomm, grad wéi déi italienesch Premierministesch Giorgia Meloni. Als aktuell Presidentin vun de G7 wëllt si haut eng Videokonferenz vun de G7-Staats- a Regierungscheffen vu Kiew aus schalten.
Uechter d‘Welt sinn haut och eng Rei Evenementer geplangt, dorënner Manifestatiounen an Däitschland, Groussbritannien a Polen. Och hei am Land fënnt de Mëtteg e Solidaritéitsmarsch an der Stad statt, organiséiert vun LUkrain..