Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut deposéiert de Finanzminister de Budget an der Chamber

Staatsbudget

Haut deposéiert de Finanzminister de Budget an der Chamber

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth wäert de Moien um néng Auer an der Chamber de Projet fir de Staatsbudget fir déi aacht lescht Méint vun dësem Joer deposéieren, grad wéi de Projet fir d’Finanzprogrammatioun bis 2027. Béid Projete waren de Méindeg am Regierungsrot ugeholl ginn. Datt Spuermesurë wäerte kommen, hat de Finanzminister schonn am Virfeld vum Budgetsdepot däitlech gemaach.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Chambre des députés play_arrow
(Foto: Chambre des députés)

Verschidde Spuermoossname wäerte mussen ëmgesat ginn, hat de Gilles Roth viru knapp 14 Deeg bei RTL ugekënnegt. Am Iwwergangsbudget 2024 sollen d’Depensen net méi séier klamme wéi d’Recetten. Den Defizit beim Zentralstaat soll schonn dëst Joer erof gefuer ginn, esou de Minister. Hien hat awer verséchert, datt fir de Moment keng Steiererhéijunge fir d’Leit virgesi wieren.

Nom Regierungsrot haut virun zwou Wochen hat de Premier Luc Frieden am Kontext vum Staatsbudget vun engem "ganz schwierege wirtschaftlechen Ëmfeld" geschwat.

Dëst Joer hätt een en Defizit, deen iwwer déi nächst Joren ofgebaut géif ginn, sou de Luc Frieden.

D'Regierung wëllt sech Sputt fir schlecht Zäiten halen

D’Regierung hätt "all Efforte" gemaach fir den Defizit beim Gesamtstaat op gutt ënner zwee Projet vun der Wirtschaftsleeschtung ze limitéieren, esou de Premier den 21. Februar. D’Staatsschold soll dëst Joer ënner 27 Prozent vum PIB bleiwen.

„Och dat ass wichteg, fir datt mer déi Moyenen hunn, déi mer brauchen, wa mer se an Noutsituatiounen nach méi brauchen, kënnen op de Marché ze goen a Sue kënnen ze léinen.“

De provisoresche Budget leeft nach bis Enn Abrëll

Méi Detailer iwwert d’Staatsfinanzen an iwwert déi ugekënnegt Spuermesurë wäerten et also de Moie vum Finanzminister Gilles Roth ginn, wann hien de Projet fir de Budget fir de Rescht vun dësem Joer presentéiert. D’Rapportrice vun dësem Projet ass d’CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Finanzkommissioun Diane Adehm.

De Projet fir de Staatsbudget couvréiert den Zäitraum vum éischte Mee bis den 31. Dezember dëst Joer. Bis Enn Abrëll leeft nach de provisoresche Budget, mat de sougenannten "douzièmes provisoires", deen Enn vum leschte Joer an der Suite vun de Chamberwale gestëmmt gi war.

Lauschterenplay_arrow