D'Feierbestattung gëtt ëmmer méi heefeg – an dat verännert och d'Aarbecht vun de Bestattungsbetriber.
Mee wat geschitt eigentlech hanner de Kulisse vun engem Begriefnis? A wéi ass et, Mënschen an hire schwieregste Momenter ze begleeden?
Eng grouss Auswiel u Lueden an Urnen
An engem hellen, zéng Meter laange Raum stinn eng niewent der anerer, eng zéng verschidden Doudelueden. Holz-Zorte wéi Eech, Nëssert an Dännen. Mol mat schéine Verzierungen, mol ganz schlicht gehalen.
"Hei hu mir eng ganz Auswiel. Hei sinn zum Beispill alleguer déi, déi fir déi traditionell Begriefnisser kënne geholl ginn. Hei ass d’Holz méi massiv”
Dat erkläert d'Rachel Weber, déi zënter véier Joer bei Erasmy Pompes Funèbres zu Hamm schafft.
An Regaler un der Mauer sinn eng 20 Urnen ausgestallt. De Choix bei de Faarwen, Formen an och beim Material ass grouss.
Déi richteg Begleedung schafen
Wann e Mënsch stierft musse vill Entscheedunge getraff ginn. D’Fro, ob et en traditionellt Begriefnis oder eng Anäscherung soll ginn, ass nëmmen eng vu villen. D’Rachel Weber këmmert sech hei ëm ee ganz wichtege Punkt, wéi si erkläert.
“Ech beroden d'Leit. Ech begleede si fir bei där ganzer Organisatioun vum Begriefnis an dann duerno, wann d'Famill da rëm fort ass, da këmmeren ech mech eeben ëm déi ganz Organisatioun, mat de Paschtéier, mat de Gemengen."
Anäscherung gëtt méi heefeg
D'Stater Buergermeeschter Lydie Polfer huet viru kuerzem an deem Kontext d’Zuele fir d'Stad Lëtzebuerg presentéiert. Ze gesinn ass, datt d’Anäscherung ëmmer méi heefeg gëtt. Dat kann och d'Rachel Weber bestätegen.
"Et mierkt ee schonn, datt et ëmmer méi lues a lues Richtung Anäscherung geet. Et ginn awer och nach ëmmer Traditioneller, mee do mierkt een, datt et eeben ëmmer manner gëtt.”
Sechs Deeg bis d'Begriefnis
Bei engem traditionelle Begriefnis hätt ee vun deem Moment, wou eng Persoun verstierft, sechs Deeg Zäit bis datt d'Begriefnis stattfonnt muss hunn. D’Méiglechkeet vun der Feierbestattung bitt der Famill méi Zäit. Genau dës Tendenz a Richtung Anäscherung géif och eppes an der Aart a Weis vun hirem Beruff änneren.
"Mir hunn nach ëmmer genau esou vill Aarbecht. Et kënnt ëmmer méi Aarbecht derbäi. Et kommen ëmmer méi Stierffäll am Joer dobäi. Ech géif et éischter esou soen, datt mir mat den Anäscherungen net méi deen Drock hunn, fir d'Begriefnisser esou séier ze organiséieren. Dat heescht, och d'Famille selwer hu méi Zäit, fir dat Ganzt a Rou an anstänneg ze plangen.”
Mee och wann d'Organisatioun duerch eng Anäscherung méi Zäit erméiglecht, bleift déi wichteg Aufgab, eng Famill duerch eng schwiereg Phas ze begleeden. Besonnesch wann e Mënsch onerwaart stierft, zum Beispill bei engem Accident, ass de Schock dacks ganz grouss.
“Natierlech sinn déi Leit vill méi ënner Schock, vill méi ënner Trauer. Mir hu Leit hei, déi si wierklech komplett verzweifelt, déi wësse guer net wou vir an hannen ass, wou si ufänke sollen. Bei engem Autosaccident, do dauert dee ganze Prozess jo vill méi laang. Dat heescht, ganz oft wëssen d'Leit net, okay, wéini kënne mir endlech domadder ofschléissen.”
Keen einfachen Job
Aneren a schwierege Situatioune bäizestoen, all Dag mat der Endlechkeet vum Liewen, dem Doud an der Trauer konfrontéiert ze sinn, dat wier net ëmmer einfach, erkläert d’Rachel Weber. Fir dat ganzt selwer ze verschaffe géif et hëllefen, driwwer ze schwätzen.
"Mat den Aarbechtskolleegen tausche mir eis aus. Mir hunn elo dat erlieft, mir hunn dat elo gesinn, mir hunn elo déi Geschicht héieren an natierlech schwätzt een och doheem mam Partner e bëssen doriwwer, well et kann een net alles a sech erafriessen."
Dat wier wichteg, well et en traurege Beruff wier, esou nach d'Rachel Weber.
"Hei komme seele Leit eran, déi gutt gelaunt sinn, genau, mee mir probéieren ëmmer ënnereneen, datt awer d'Stëmmung gutt ass."
Et dierft ee sech eeben net dora verfänken, seet d'Rachel Weber.