Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Handwierkerkammer mécht schlecht Prognose fir de Bausecteur

Handwierk

Handwierkerkammer mécht schlecht Prognose fir de Bausecteur

D’Handwierk ass an enger schwiereger ekonomescher Situatioun. Dat ass de Constat vun der Chambre des Métiers zur konjunktureller a struktureller Entwécklung vum Artisanat. Eng Verbesserung wier net en Vue.

auto_stories

2 min

Handwierk | © Dominik Scythe / Unsplash
Foto: Dominik Scythe / Unsplash

De Conseiller économique vun der Chambre des Métiers, de Max Urbany, weist virun allem op déi wéineg favorabel kuerzfristeg Perspektiven am Bausecteur hinn, mat engem Abrieche vun der Demande. Mëttelfristeg misst de Marché nach vill méi bauen, fir géint dat chronescht Ongläichgewiicht tëschent der Offer an der Demande vu Logement virzegoen.

D’Situatioun an der Constructioun wier och dramatesch, wat d’Beschäftegung ugeet. Een Drëttel vun de Betriber hätt uginn, datt se hiren Effektiv wäerte reduzéieren.

„Wat jo och verständlech ass, wann hire Chiffre d’affaires eben net deementspriechend ass, wa se keng Aktivitéit hunn.“

Am ganzen Handwierk gesäit iwwregens all véiert Entreprise eng Reduktioun vun hire Salariéë viraus.

Beschäftegung klëmmt iwwerall ausser am Bausecteur

Wat déi strukturell Entwécklung betrëfft, si Mëtt d’lescht Joer bal 9.000 Betriber hei am Land gezielt ginn, wat e Plus vun engen 350 op e Joer gekuckt war. Och d’Beschäftegung ass geklommen, mat Ausnam nees vum Bausecteur.

Zuele vum IGSS no, wieren 2023 bannent 6 Méint 2.108 Plazen ofgebaut ginn.

Do virdrun hat de Wirtschaftsminister Lex Delles op e Pak vu Mesurë vu sengem Ministère fir d’Handwierk verwisen. Nawell huet den Tom Wirion, Generaldirekter vun der Chambre des Métiers, vun enger ganz grousser Nervositéit am Artisanat geschwat.

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft