Mat "Music for the Royal Fireworks" huet de Georg Friedrich Händel eng festlech Musek a Form vun enger Orchestersuite fir de Kinnek George II vun England geschriwwen. Ma och dem Jean-Philippe Rameau seng "Dardanus" Suite ass en Héichpunkt vun der Tragédie lyrique aus dem 18. Joerhonnert a besteet aus ganzer 15 kuerze Sätz.
Deem entgéint stellt sech déi 1. Sinfonie vun der franséischer Komponistin Louise Farrenc, där hir Musek laang Zäit an de Vergiess gerode war a lo nees verstäerkt op Concertsprogrammer ze fannen ass. Den Ofschloss mécht dann dem Wolfgang Amadeus Mozart seng Motett "Exsultate, jubilate". Dëse Programm gëtt hei vum Deutschen Symphonie-Orchester Berlin ënnert der Leedung vum Dirigent Bernhard Forck a mat der Sopranistin Anna Prohaska interpretéiert. Den DSO Berlin huet sech ënner anerem d'Fërderung vu Wierker vu Komponistinnen zum Zil gesat. Opgeholl gouf dëse Concert den 8. Januar 2025 vum Deutschlandradio an der Berliner Philharmonie, an nolauschtere kënnt dir en nach bis den 13. Abrëll 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.
Programm:
Georg Friedrich Händel (1685-1759): Music for the Royal Fireworks, a Ré, HWV 351
Jean-Philippe Rameau (1683-1764): Suite an Arien, aus ‘Dardanus’
Louise Dumont Farrenc (1804-1875): Sinfonie Nr.1 an Do Mineur. Op. 32
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Exsultate, jubilate, K. 165
Interpreten:
Deutsches Symphonie-Orchester Berlin
Anna Prohaska, Sopran
Bernhard Forck, Direktioun