Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bon Enfant - Demande Spéciale

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Concert aus de Schwäizer Bierger

Flüttequartett mat Mozart a Beethoven

Concert aus de Schwäizer Bierger

De weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.

auto_stories

1 min

headphones

122 min

Emmanuel Pahud | © Fabien Monthubert play_arrow
Emmanuel Pahud (Foto: Fabien Monthubert)

E Concert aus de Schwäizer Bierger? Dat ass scho besonnesch. Dëse Concert war an der Kierch vu Rougemont, enger Géigend am Kanton Vaud. Do spillt ee Quartett mat Flütt, Gei, Braatsch an Cello. Am Mëttelpunkt stinn zwee grouss Komponisten: de Mozart an de Beethoven.

Dëse Concert kënnt dir bis de 15. Abrëll an der Mediathéik nolauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Flüttequartett Nummer 3 an Do Majeur, K. 285b 

Ludwig van Beethoven (1770-1827): Serenade a Re Majeur, op. 25 

Wolfgang Amadeus Mozart: Flüttequartett a Re Majeur, K. 285 

Wolfgang Amadeus Mozart: Tempo Di Menuetto aus dem Flüttequartett Nummer 2 a Sol Majeur, K. 285a`

Interpreten:

Emmanuel Pahud, Flütt

Anna Agafia, Gei

Paul Zientara, Braatsch

Stéphanie Huang, Cello