D’Musek faszinéiert, den Titel awer täuscht: Dem Bach seng “Englesch Suiten” sinn am Stil vun der franséischer Musek zu senger Zäit geschriwwen. De Bach huet hei déi franséisch Dänz déi a ganz Europa op den Häff gespillt ginn a konschtvoll Pianosmusek ëmgewandelt. Dës “Englesch Suiten” fuerdere Pianiste bis haut eraus: d'Ornamentéierungen aus der 2. an 3. Suite si bis haut e wichtege Schlëssel fir d'Interpretatioun vun der Barockmusek.
Bei dësem Concert aus dem Oji-Concertssall zu Tokyo geet de Lëtzebuerger Francesco Tristano sengem Ziel no, dem Bach säi ganzt Repertoire opzehuelen. De Pianist huet 2024 de Lëtzebuerger Musekspräis an der Kategorie “Op der Bün – musique classique” gewonnen.
Programm:
Johann Sebastian Bach (1685-1750):
- Englesch Suite Nr.2 a La Mineur, BWV 807
- Englesch Suite Nr.3 a Sol Mineur, BWV 808
- Englesch Suite Nr.4 a Fa Majeur, BWV 809
- Englesch Suite Nr.5 a Mi Mineur, BWV 810
- Englesch Suite Nr.6 a Ré Mineur, BWV 811
Interpreten:
Francesco Tristano, Piano