Radioen

On air

Moiesstudio  |  Claire Parsons - Falling Into You (Theme Song)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hamas verléiert d'Kontroll iwwer d'Nord-Gazasträif - Netanjahu warnt d'Hisbollah

Noen Osten

Hamas verléiert d'Kontroll iwwer d'Nord-Gazasträif - Netanjahu warnt d'Hisbollah

Déi radikal Hamas huet d‘Kontroll iwwer den Norde vun der Gazasträif verluer. Dat sot den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu gëschter Owend. Un d‘Hamaskämpfer war et de Message, datt et fir si keng sécher Platz méi gëtt, wou si sech verstoppe kéinten.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Dann huet den Netanjahu och de Libanon an déi schiitesch Hisbollahmiliz gewarnt. Maacht net de Feeler, an dee Krich mat anzeklammen, esou den Netanjahu. D‘Schicksal vu Beirut wier dann dat selwecht, wei dat vu Gaza. Et war also d‘Dreeung, vun enger massiver israeelescher Reaktioun op weider Attacke vun der Hisbollah.

D‘Hëllefsorganisatioun MSF huet nach emol een Appell lancéiert par rapport zur katastrophaler Situatioun am palestinensesche Gesondheetsberäich. Gëschter Mëtteg sinn zwee Frühchen an engem Spidol am Norde vun der Gazasträif gestuerwen, well kee Stroum do ass.