Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Hamas reagéiert op amerikanesch Propos fir Wafferou

Noen Osten

Hamas reagéiert op amerikanesch Propos fir Wafferou

D‘Hamas huet eegenen Aussoen no op déi amerikanesch Propos fir eng Wafferou an en Enn vum Krich an der Gazasträif reagéiert. Déi militant islamistesch palästinensesch Organisatioun sot, si hätt dem US-President Joe Biden an de katareschen an ägyptesche Mediateuren hir Äntwert ginn.

auto_stories

1 min

Wat genee dra steet ass nach net gewosst. Si géifen de Wafferou-Plang, deen an dräi Phasen opgedeelt ass, awer grondsätzlech positiv gesinn, esou d‘Hamas an d‘Organisatioun Islameschen Dschihad.

Si hunn awer ënnerstrach, déi israeelesch Arméi misst sech komplett aus der Gazasträif zeréckzéien. D'USA géif d‘Äntwert elo genee analyséieren.