Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
search

/ Hamas: 274 Mënsche bei israeelescher Attack op Flüchtlingscamp gestuerwen

Noen Osten

Hamas: 274 Mënsche bei israeelescher Attack op Flüchtlingscamp gestuerwen

Israel huet och haut d’Gazasträif bombardéiert, dëst een Dag no der Befreiung vu 4 Geiselen

auto_stories

1 min

Stroossen a Gaza een Dag no enger israeelescher Attack | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Stroossen a Gaza een Dag no enger israeelescher Attack (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Déi radikalislamistesch Hamasbeweegung huet een neie Bilan iwwert d’Attack vu gëschter op de Flüchtlingscamp publizéiert. Et wieren do 274 Mënschen an deem Camp gestuerwen.

Déi Informatioune kënnen net duerch onofhängege Sourcen iwwerpréift ginn. An Tëschenzäit hunn d’USA gemellt datt déi humanitär Hëllef nees kann iwwert hire mobillen Hafen an d’Gazasträif eran transportéiert ginn.