Radioen

On air

Concert  |  Verkannte Bijouen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ HORECA-Secteur: Et feelt weider u qualifizéiertem Personal

Trotz klammende Chômage-Zuelen

HORECA-Secteur: Et feelt weider u qualifizéiertem Personal

Am HORECA-Secteur gëtt et weiderhin ee Mangel u qualifizéierten Aarbechterinnen an Aarbechter. Dat obwuel den Taux vum Chômage am leschte Joer geklommen ass a laut Statec och an deenen nächste Méint weider klamme soll. Et ginn also ëmmer méi Leit, déi eng Aarbecht sichen, an an de Betriber feelt et weiderhin u genuch Aarbechtskräfte.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky play_arrow
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

Nach virun engem hallwe Joer hätten am HORECA-Secteur 2.000 Aarbechterinnen an Aarbechter am ganze Land gefeelt. Elo nach 600 bis 800 Leit.

D'Betriber hu sech ugepasst

Datt dee Chiffer erof gaangen ass, hätt awer dem Generalsekretär vun der HORESCA, dem François Koepp, no, näischt mat den Entwécklungen um Aarbechtsmarché ze dinn. Et géif weiderhin u qualifizéiertem Personal feelen, awer d‘Betriber hätte sech ugepasst fir mat manner Personal eens ze ginn, esou de François Koepp am 100,7-Interview.

„Verschidde Betriber sinn drop higaangen, datt se manner laang opmaachen, datt een Dag Congé méi kënnt oder een hallwen Dag méi zougemaach gëtt. Doduerch kënne se da mat deem Personal, wou se dann haut hunn, eventuell och eens ginn, ouni mussen nei Leit anzestellen.“

Weider erkläert de François Koepp, wéi sech verschidde Betriber wëllen ëmstrukturéiere fir als Aarbechtsplaz méi attraktiv ze ginn, zum Beispill um Niveau vun den Aarbechtszäiten.

„Mee et gëtt eng Partie Betriber, wou effektiv driwwer nodenken, fir d'Aarbechtszäit anescht opzedeelen am Kader vun deem, wat d‘Gesetz zouléisst.“

Leit ëmforméiere kann eng Léisung sinn

Wéi déi eenzel Betriber sech genee wäerten ëmstrukturéieren hänkt vun hirer Gréisst of. Fir de François Koepp géif et do kee „Modèle unique“ ginn.

De Chômage, dee weider zouhëlt, kéint eng Méiglechkeet stellen, och Mënschen aus anere Secteure weider- oder ëmzeforméieren. Bis virun der Pandemie hätt et och eng Zesummenaarbecht vun der HORESCA mat der ADEM ginn, seet de François Koepp.

„Also an der Vergaangenheet hu mir verschidde Programme mat hinnen zesumme gemaach. Duerch de Corona ass natierlech villes gestoppt ginn, net méi virugaangen. Mir hu versicht, Leit, déi net am Beruff dra waren, sech awer vläicht fir de Beruff intresséiert hunn, deenen e kuerzen Aperçu ze ginn iwwer eng Woch, fir ze weisen, wat ass Service, wat ass Kichen."

De Generalsekretär ënnersträicht och hir Zesummenaarbecht mat der Hotelsschoul zou Dikrech an dem Lycée zou Bouneweg. 

Lauschterenplay_arrow