Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Wéi kléngt de Bëschbuedem am Éislék?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Guy Hellers: Ech hoffen, datt Spuenie gewënnt

Fréieren Nationalspiller an Trainer

Guy Hellers: Ech hoffen, datt Spuenie gewënnt

De Guy Hellers wier nach ëmmer Fussball-interesséiert, awer net méi an deem Mooss wéi viru Joren, well verschidden Entwécklungen am Fussball him géife widderstriewen. Dat seet dee fréieren Nationalspiller an -Trainer am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
De Guy Hellers, fréieren Nationalspiller an -Trainer (Foto: picture-alliance / Pressefoto ULMER/Markus Ulmer | Pressefoto ULMER/Markus Ulme)

Konkret viséiert seng Kritik zum Beispill de Video-Arbitrage oder déi ëmmer méi staark Dominanz vun takteschen Iwwerleeungen, déi dat kreatiivt Spill ënnerdrécken.

Eng Natioun schléisst hien do awer aus. An et ass och déi Natioun, där hien e Sonndeg den Titel wënscht.

"Ech hoffe Spuenien, well ech e Spuenie-Fan sinn, an ech géif och mengen, datt si et verdéngt hunn. Well dee Fussball, dee si de Leit proposéieren, weisen, spillen, deen ass attraktiv.“

Héich Stécker op de spueneschen Trainer

Déi spuenesch Ekipp géif nach probéiere Goler ze schéissen an net op en Zoufall waarden.

De Guy Hellers hält och deck Stecker op de Coach vun der Furia Roja, de Luis de la Fuente. Esou wéi hie seng Ekipp spille léisst, hätt Respekt verdéngt. Dobäi géif hien och vill Spiller aus senger fréiere Jugendaarbecht kennen.

Lauschterenplay_arrow