Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virsiichtegen Optimismus bei de Bëschbränn a Griicheland

Griichenland

Virsiichtegen Optimismus bei de Bëschbränn a Griicheland

Et géif elo kee grousst zesummenhänkend Feier méi ginn, mee e puer méi kleng Bränn, heescht et. Allerdéngs gëtt et weiderhi keng Entwarnung, well ëmmer erëm nei Brandherden entstinn, esou d‘Pompjeeën.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Socrates Baltagiannis

De stiermesche Wand, deen an der Nuecht ofgeholl hat, soll haut erëm opkommen. Et sinn deemno och weiderhin honnerte Pompjeeën am Asaz. Bei de Bränn gouf et bis elo een Doudesaffer – eng 60 Joer al Fra, déi sech net rette konnt, esou griichesch Medien.

Lescht gréng Long vun Athen verbrannt

Zu Athen hu vill Leit Masken ugedoe fir sech virum Damp ze schützen. Ronn honnert Quadratkilometer wieren éischte Schätzungen no verbrannt – dorënner och ee Bëschgebitt, wat als eng vun de leschte grénge Longe vun Athen gegëllt huet. Och etlech Haiser sinn ofgebrannt oder si beschiedegt ginn. D‘Regierung huet dofir een éischten Hëllefsplang op d‘Bee gestallt fir deene Betraffene séier ze hëllefen.