Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussbus-Wal: Coursë misste kuerzfristeg ofgesot ginn

Schoultransport ausgefall

Groussbus-Wal: Coursë misste kuerzfristeg ofgesot ginn

Haut de Moien huet d’Gemeng Groussbus-Wal informéiert, datt d’Course och haut hu misse kuerzfristeg ofgesot ginn. Dat well de Schoultransport ausgefall ass. Den Accueil gouf awer garantéiert. 

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Spueren am Schnéi | © picture alliance/dpa | Pia Bayer play_arrow
Spueren am Schnéi (Foto: picture alliance/dpa | Pia Bayer)

Och bei anere Schoulbusser ass et zu Ausfäll a Retarde komm, mee de Cours konnt soss awer an alle Schoulen uechter d’Land stattfannen, confirméiert d’Francine Vanolst vum Educatiounsministère:

“Dat heescht iwwerall huet de Schoulbetrib ugefaangen, a wann een Enseignant iergendwou hänke bliwwen ass da si seng Schüler vun deenen anere mat en charge geholl ginn, respektiv hu mir op der Platz och allkéiers Remplaçants permanent, déi d’Klasse konnten en charge huelen."

Lauschterenplay_arrow

An dem Sënn wieren D'Course net ausgefall, mee just anescht organiséiert ginn, bis d'Kanner an d'Léierpersonal all do waren.