Den David Cameron réckelt fir den James Cleverly no, deen de Poste vum Inneminister iwwerhëlt. Déi ëmstridden Inneministerin vu bis elo, Suella Braverman, ass aus der Regierung entlooss ginn. Déi konservativ Tories-Politikerin hat an der lescht ëmmer rëm, mat hire rietspopulisteschen Äusserunge fir Polemike gesuergt.
De 57 Joer ale David Cameron war 2016, nom Brexit-Referendum als Premierminister zeréckgetrueden. Hie war deemools dofir, datt säi Land an der EU bleift. Fir kënnen zeréck an d‘Regierung ze kommen, gouf de Cameron och an d‘House of Lords nominéiert, well hien och net méi Deputéierte war.
Zu London gëtt mat weidere Remaniementer am Rishi Sunak senger Regierung gerechent. Dee wëllt seng Regierungsequipe en vue vun de Walen d‘nächst Joer nei opstellen. Den Ament sinn d‘Sondagë katastrophal fir hien.