Bei den Duerchsichungen wieren eleng an Nordrhein-Westfalen eng 700 Polizisten am Asaz gewiescht. Ënnerstëtzung gouf et vu Frankräich an der Belsch. Déi Beschëllegt stinn am Verdacht u Schleisungen iwwert den Äermelkanal bedeelegt gewiescht ze sinn.
Och an der Belsch ass zanter de Moien eng grouss Policeoperatioun an der Wallonie an zu Bréissel am gaangen, dat melle belsch Medien. Et soll ëm kriminell Organisatiounen am Zesummenhang mam Drogenhandel a Cannabisproduktioun goen. De Parquet vun Namur hätt déi Perquisitiounen ordonéiert.